"State of Deception – the Power of Nazi Propaganda" ass eng Wanderausstellung vum US-Holocaust-Memorial-Musée zu Washington.

Si weist, wéi d’Nazien Affichen, Radio, Filmer an aneres genotzt hunn, fir verzerrte Messagen u méiglechst vill Leit ze vermëttelen.

Organiséiert vum Zentrum fir politesch Bildung ass et eng Ausstellung, déi eng Bréck tëscht der Vergaangenheet an der Géigewaart soll schloen, andeems se an häitegen Zäite vu Fake News an "Alternative facts“ weist, wéi séier Propaganda säi Wee bei d’Leit fënnt.

D’Ausstellung soll d’Leit deemno net just op déi historesch Aspekter opmierksam maachen, mee se och dozou ureegen, fir sech kritesch mat de Medien auserneezetzen.

Bis de 17. Mäerz kann een d’Expo nach am Neimënster gesinn, ier se an enger méi klenger, mobiler Versioun beim Zentrum fir politesch Bildung gebucht ka ginn fir a Schoule gewisen ze ginn.