Eng 500 Schoulkanner wäerten d'Theaterstéck "Ein Känguru wie du" dës Woch kucke goen.

Fir d'zweete Kéier bannent 4 Méint gëtt d'Stéck, wat um Buch vum Auteur Ulrich Hub baséiert, vum Schauspillerensembel aus der Tuchfabrik vun Tréier opgefouert. D’Geschicht handelt vun engem wäissen Tiger an engem Panther, déi aus dem Zirkus fortlafen an dann en homosexuelle Känguru kenneléieren. Thematiséiert gi Viruerteeler, Klischeeën, Frëndschaft an Intoleranzen, déi een an eiser Gesellschaft ka virfannen. Mataarbechter vum Educatiounsministère hunn zesumme mam Zentrum fir Politesch Bildung an dem Centre d’Information Gay Et Lesbien – Cigale, e Begleedheft zum Theaterstéck erausbruecht, fir dass d'Enseignanten d'Thematik wärend de Schoulstonne kënne vir- an nobereeden.

D'Kannertheaterstéck huet am Dezember zejoert ënnert verschiddenen Eltere fir Opreegung bis hin zu enger parlamentarescher Fro gesuergt. D'Sozial Medie ware voll mat Känguruen an den Educatiounsminister Claude Meisch huet seng Äntwert op déi parlamentaresch Fro vum Deputéierte Fernand Kartheiser och iwwert de Wee vun Twitter a Co. verbreet. D'lescht Woch wollten déi jonk Gréng den Här Kartheiser invitéieren, fir d’Theaterstéck zesumme kucken ze goen. Hie wollt net, ma mir ware mat der Kamera dobäi.

Et wier net virgesinn, d'Theaterstéck eng weider Kéier dëst Schouljoer hei am Land ze weisen. Allerdéngs hoffen déi Responsabel vum Educatiounsministère, d'Stéck am nächste Schouljoer och an d'Theateren am Norden a Süden ze bréngen, fir dass et besser accessibel gëtt fir d'Schoulklassen aus deenen Deeler vum Land.