Et ass eng Enttäuschung, par Rapport vum leschte Joer, seet den Joy Hoffmann a sengem drëtte Deel vum Blog.

Mir sinn elo quasi an der Halschent vum Festival ukomm, a fir de Moment hält ons Begeeschterung sech ganz staark a Grenzen, besonnesch wa mer e Verglach mam leschte Joer zéien. Eigentlech hunn eréischt zwee Filmer ons richteg iwwerzeegt, wann och mat gewëssen Aschränkungen.

Dat 9 Joer aalt Benni ass am däitsche Film "SYSTEMSPRENGER", e méi wéi hyperaktiivt Kand, dat net ze bändegen ass, a quasi all sozial a medezinesch Institutiounen hëlleflos do stoe léist. Egal, wou d'Benni hikënnt, iwwerall flitt et eraus, an d'Psychiatrie ass och keng Léisung fir esou e jonkt Kand. D'Benni sicht no Léift a Gebuergenheet a wëll bei senger Mamm wunnen, mä déi ass iwwerfuerdert, an huet mat zwee weidere klenge Kanner Angscht virun hirer onberechenbarer a gewalttäteger Duechter. En Hoffnungsschimmer gëtt e jonken Anti-Gewalt-Erzéier, dee se versicht aus der Spiral vu Wutausbréch an onkontrolléierten Aggressiounen ze befreien. Déi onheemlech Kraaft an Energie, déi vum Haaptpersonnage ausgeet, huet déi jonk Realisatrice Nora Fingscheidt och rhythmesch an hirer éischter Spillfilmregie ëmgesat, a bitt domat dem Spectateur en eprouvant an emotional geluedent Filmerliefnis. Déi erfolleglos Versich vum Benni, sech ze kontrolléieren an d'Engagement vun den hëlleflosen Erzéier geet och un dem Spectateur seng Nerven, grad wéi déi permanent liewensbedreelech Gewaltexplosiouen, déi vum Benni ausginn, besonnesch, wann et mat anere klenge Kanner konfrontéiert ass. Och déi beandrockend realistesch Interpretatioun vun der 9 Joer aler Helena Zengel mécht et schwéier, Distanz ze halen. Fir de Moment ass SYSTEMSPRENGER ons Nummer 1 an et kann een och dermat rechnen, dass de Film de Wee an ons Kinoe fënnt, wat fir usprochsvoll däitsch Filmer nach laang net ëmmer de Fall  ass.

© sistersandbrothermitevski

De mazedonesche Film "GOD EXISTS, HER NAME IS PETRUNYA" war dogéint direkt eng Erhuelungskur, obschonn de Sujet och eescht ass. An enger traditiounsräicher orthodoxescher Zeremonie, an där d'Männer mussen e klengt hëlzent Kräiz, dat Gléck soll bréngen, aus dem Waasser fëschen, sprengt iwwerraschend a ganz spontan eng jonk kultivéiert awer éischter naiv Fra an d'Waasser an stibitzt d'Kräiz virun der Nues vun de frustréierte Männer an der skandaliséierter Duerfgemeinschaft ewech. D'Kierch an de Staat verfollegen d'Meedchen a spären et an, allerdéngs am Wëssen, dass dofir keng legal Basis besteet. Och all zimlech skurril Versich vu béide Säiten, dat stuert Meedchen ze iwwerzeegen, d'Kräiz zeréckzeginn, ginn derlaanscht. De Film ass eng gelongen, wann och e bëssen ze evident Satire op d'Verflechtung vu Kierch a Staat an de Machismus. Dëse reelle Virfall ass staark mediatiséiert ginn, an antëschent sprangen ëmmer méi Frae bei dëser wäitverbreeter reliéiser Traditioun mat.

© Jean-Claude Moireau

Villäicht manner originell, och par Rapport zu ville vu senge viregte Filmer (8 Femmes, Swimmingpool, Potiche) ass dem François Ozon säin engagéierte Plaidoyer géint d'Pädophilie an der franséischer Kierch "GRACE A DIEU". Hie suivéiert dräi vun den Affer vun der Associatioun "La Parole libérée", déi géint de pädophille Paschtouer a Scoutsaumonier Bernard Preynat a géint d'Vertuschungs-Manövere vun dem Bëschof Philippe Barbarin geklot hunn. Ufanks als Documentaire virgesinn, wollt den Ozon duerch e Spillfilm awer, am Interêt vun de Victimmen, där ganzer Affär e méi groussen Impakt ginn, wat him och gelongen ass. Op strikt Fakte baséiert, bleift de Film zwar mat Momenter e bëssen ze no beim Documentaire. Trotzdeem bréngt en et awer op oft ganz emotional Manéier fäerdeg, dem Publikum de Leidenswee vun den Affer (all excellent interpretéiert vum Melvil Poupaud, Denis Ménochet, Svann Arlaud) an hirem Entourage bis zu den zwou Geriichtsprozeduren ze vermëttelen. Dee Preynat, deem säi Prozess Enn des Jores soll stattfannen, huet all seng pädophil Akten zouginn, a fir d'Membere vun der "Parole Libérée" geet et net ëm d'Entschëllegung vun der Kierch. D'Vertuschung vun deene Verbriechen iwwer e puer Joerzéngten vun d'Diözes vu Lyon stinn haaptsächlech am Viséier. D'Uerteel am Fall vum Bëschof Barbarin soll de 7. Mäerz gesprach ginn. Duerch 2 Geriichstsrequète vun den Affekote vum Preynat soll elo awer d'Sortie vum Film verhënnert ginn, bis nom Prozess géint de Preynat. Eng weider gratis Publicitéit fir dëse wichtegen engagéierte Film, deen normalerweis den 20. Februar a Frankräich an dann och wuel zu Lëtzebuerg dierft ulafen.

© 4 1/2 Film

All déi aner Filmer an der Competitioun, waren, ouni direkt schlecht ze sinn, dach formal éischter konservativ an inhaltlech wéineg passionant. Dat gëllt fir déi norwegesch Romanverfilmung "OUT STEALING HORSES" vum Hans Petter Moland mam Stellan Skarsgard, iwwert eng komplizéier Familljegeschicht, déi a Flashbacken erzielt gëtt an déi ufanks ästhetesch interessant ass, an duerno ëmmer méi verflaacht, genau esou, wéi fir dem Agnieszka Holland hire ganz klassesche Geschichtsfilm "MR JONES", iwwert de Gareth Jones, e walisesche Journalist, deen an den 30 Joren, déi vum Stalin verursaacht Hongersnout an der Ukrain denoncéiert, ouni dass iergendeen dat zur Notiz wëllt huelen. En Tick besser war den éisträichesche Film vum Marie Kreutzer "DER BODEN UNTER DEN FÜSSEN" iwwert déi privat a professionell Relatiounen tëschent zwou toughen Businessfraen an engem haarde "Bad Banks" Milieu.

© Gordon Timpen/2018 bombero int./Warner Bros.Ent.

Den absoluten Hummer war dann dem Fatih Akin säin Gewalt- a Misär 'Porno' "DER GOLDENE HANDSCHUH" iwwert den Hamburger Prostituéierte- Mäerder Fritz Honka an de 70er Joren. Akribesch genau bis an de leschten eekelegen a rëffegen Detail beschreift den Akin, ouni kritesch Distanz an Erklärungsversuch, déi brutal Vergewaltegungen a Morden. Just eng Rei vun däitsche Schlager vum Adamo (Es geht eine Träne auf Reisen), iwwer de Freddy Quinn (Junge komm bald wieder) bis zum Heintje (Du sollst nicht weinen) ginn e minimale Commentaire zum Film of. Mat sarkastesche Titelen, wéi "Der Glöckner von St Pauli" (Der Tagesspiegel) oder "Horrorfilm mit Knackwurst" (Die Welt) reagéiert déi däitsch Press sech virun dësem onzoumuttbar Film of.

Schlëmmer kann et net kommen, mä vill besser muss et awer nach ginn, fir iergendwéi un d'Qualitéit vun de Filmer vun der leschter Berlinale erunzekommen.