Leschten Donneschdeg koum déi traureg Nouvelle, datt d'Schrëfstellerin Rosamund Pilcher am Alter vu 94 Joer gestuerwe war.

Bekannt war si jo virun allem duerch verschidde Romaner ginn, déi sech an hirer Heemescht am Cornwall an England ofspillen.
Am Summer hat de Lëtzebuerger Schauspiller Tommy Schlesser d’Chance, fir eng vun den Haaptrollen an engem Rosamunde-Pilcher-Film ze spillen. De Lëtzebuerger spillt en homosexuelle Mannschafts-Dokter, deen eng heemlech Liebes-Geschicht mat engem Profi-Fussballer huet. An dëse Film gouf elo nom Doud vun der Schrëftstellerin e Sonnden um 20:15 um ZDF diffuséiert. D’Raphaelle Dickes war am Summer fir ons um Set derbäi a konnt den Tommy bei senger Aarbecht begleeden.

De méi detailléierte Bäitrag, diffuséiert nom Doud vun der Schrëftstellerin

VIDEO: Tommy Schlesser e Sonndeg an der Haaptroll um ZDF
En Donneschden koum déi traureg Noriicht, dass déi bekannte Schrëftstellerin Rosamunde Pilcher am Alter vun 94 Joer gestuerwen ass.