Datt den Nationalmusée d'Expo iwwer de kaum bekannte Moler vu Bréissel op Lëtzebuerg konnt bréngen, koum duerch eng zoufälleg Entdeckung zestanen.

Esou ass de Projet "Théodore Van Loon. Un peintre caravagesque entre Rome et Bruxelles" entstanen.

Schwéierpunkt vun der Expo ass den Afloss vum italienesche Barockkënschtler Caravaggio am Flammänner senge Wierker. Wéi vill aner Kënschtler, ass hien am  Ufank vum 17. Joerhonnert op Roum gereest. Ma besonnesch ass, datt e bal ganzer 10 Joer do gelieft huet. Déi nei  Prinzipien aus der italienescher Molerei huet de Van Loon zréck a seng Heemescht bruecht. De Barock war eng Zäit, déi duerch déi kathoulesch Géigereform géint de Protestantismus geprägt war. Dee reliéisen Afloss gesäit een och beim Van Loon an dem méi bekannte Peter Paul Rubens. Obwuel béid Moler reliéis-kathoulesch Motiver benotzt hunn, huet de Van Loon manner idealiséiert a méi naturalistesch Elementer integréiert. Och dat huet ee vu sengem Virbild Caravaggio.

De Van Loon wollt en neien Accès zu den hellege Figuren erméiglechen. An awer ass et de Rubens, dee mat sengem Numm an d'Konschtgeschicht agaangen ass.

D'Expo kann een nach bis de 25. Mee an den Nationalmusée kucke goen.