An der Nuecht op e Samschdeg ass de Schauspiller Bruno Ganz a sengem Haus zu Zürich gestuerwen. Dat huet säi Management matgedeelt.

Ee vun de wichtegsten Acteuren aus dem däitschsproochege Raum ass dout. De Bruno Ganz ass an der Nuecht op e Samschdeg am Alter vu 77 Joer gestuerwen.

De Schwäizer huet duerch seng Duerstellungen den zäitgenësseschen Theater gepräägt a war och duerch seng Filmrollen engem grousse Publikum bekannt.

Vill Luef hat hien zum Beispill 2004 kritt, fir seng Roll am Film "Der Untergang". Do huet de Bruno Ganz den Adolf Hitler gespillt, virun zwee Joer huet hien an "der Trafikant" d'Roll vum Psychoanalytiker Sigmund Freud iwwerholl. Donieft huet hie mat Filmer wéi "Der amerikanische Freund", "Himmel über Berlin" a "Brot und Tulpen" grouss Erfolleger gefeiert.

De leschte Summer sollt de Ganz bei de Salzburger Festspiller den Erzieler am Mozart senger "Zauberflöte " iwwerhuelen. Souwäit ass et awer net méi komm. Seng Dokteren haten him un d'Häerz geluecht d'Prouwen ofzebriechen. De Bruno Ganz hat Kriibs.