Am Joy Hoffmann sengem 5. Deel kuckt hien zréck op d'Berlinale 2019, dee vun engem schwaache Festivalprogramm gepräägt gouf.

An engem ganz enttäuschende Festival kann ee, mat e bësse gudde Wëllen, novollzéien, dass de Jury sech op den israelesche Film SYNONYMES fir de Gëllene Bier gëeenegt huet. Zumindest ass de Film originell an et ass schwéier, eppes Vergläichbares am Kino ze fannen. Allerdéngs ass dës autobiographesch inspiréiert Flucht vun engem Israeli, dee säi Land net méi verdréit a sech zu Paräis an di franséisch Kultur plongéiert, total iwwerspaant, hektesch a chaotesch inzenéiert, ouni iergendeng erzieleresch oder dramaturgesch Linn. Dëst, an di vill Repetitiounen a Längten, maachen trotz der Energie di vum Film a sengem Haaptacteur Tom Mercier ausgeet, SYNONYMES zu engem schwéier verdauleche Kascht. Dogéint wierkt dem François Ozon säi Requisitoire géint di sexuell Mëssbräich an der franséischer Kierch bal konventionell. Matt dësem héich verdéngte Sëlwere Bier a Präis vun der Jury gëtt d'Berlinale sengem Ruff als méi politesche Festival gerecht, an den emotional staarke GRÂCE A DIEU wäert, contrairement zum Gëllene Bier, an den nächste Wochen eng zolidd Karriär an de Kinoe maachen.

Extrem emotional a passionant war och den däitsche Film SYSTEMSPRENGER, iwwer en onzähmbart Meedche vun 9 Joer, datt all Erzéier a sozial Institutioun zur Verzweiwlung bréngt. Wann een esou ëm sech gelauschtert huet, krut dësen éischte Film vun der jonker Nora Fingscheidt direkt vum Ufank vum Festival u vill Sympathien dorënner och eis, an dierft och an ons Kinoe kommen.

© Berlinale 2019

Mir hu schonn an enger Virrechter Interventioun ons absolut Aversioun ausgedréckt géint de prätensiöse Konzeptfilm, ICH BIN ZU HAUSE, ABER vum Angela Schanalec, dee géint all sënnvolle Resumé gefeit ass. Dass dëse Film am Palmarès ass an de Sëlwere Bier fir di bescht Regie krut, deit drop hin, dass de Jury wuel déif gespléckt war an zwou irréconciliabel Gruppen, déi sech d'Präisser opgedeelt hunn, déi eng fir intellektuellen a schwéier verdaulechen experimentelle Kino, déi aner fir méi klasseschen, awer staarken an usprochsvollen Erzielkino.

Dem italienesche Film LA PARANZA DEI BAMBINI iwwer jugendlech Mafiabanden huet et un alleréischter Stell e kohärent an dramaturgesch strukturéiert Dréibuch gefeelt. Wéi de Film trotzdeem de Sëlwere Bier fir säin Dréibuch konnt kréien bleift ons e Rätsel a gesäit no engem faule Kompromëss aus, wéi dat oft a Juryen de Fall ass.

© Berlinale 2019

D'Präisser fir de Kameramann Rasmus Videbaek vum soss wéineg iwwerzeegende norwegesche Film OUT STEALING HORSES, a fir d'Acteure vum chinesesche Film SO LONG MY SON, kann ee vertrieden.

© Berlinale 2019

Zu engem schwaache Festivalprogramm passt och en éischter schwaache Palmarès voller fauler Kompromësser. Ob den neien Direkter vun der Berlinale Carlo Chatrian, de fréiere Responsabelen vum éischter elitäre Locarno Filmfestival, et besser mécht wéi den Dieter Kosslick, gesi mer dann d'nächst Joer, wa villäicht dann och besser Filmer um Maart sinn.