Den Atelier huet déi richteg Wierder an hirem Facebook-Post fonnt, fir dëse méi aussergewéinleche flotte Concert ze beschreiwen.

"Hottie alert at the A last night what a tremendous show, Steel Panther never disappoint! Méi kann een och net zu der Stëmmung an der Hollerecher Strooss soen, déi net net nëmme wéinst de Plus-Temperaturen dobausse gekacht huet.

D'amerikanesch Glam-Metal Band aus Los Angeles huet mat hirem Lead-Sänger Michael Starr a mat de Bandkollege Satchel,Lexxi Foxx, Stix Zadina, sou wéi een et vu hinne gewinnt ass, d'Fans am Atelier erëm op hir méi exzessiv awer och sympathesch Manéier mat enger flotte Mix aus Musek,Parodie a vill Witz begeeschtert.