Onbekannter hunn déi weltberühmte Statue "Times-Square-Kiss" vum Alfred Eisenstaedt mam #MeeToo beschmiert.

D'Statue weist de Kuss tëscht engem US-Matrous an enger Fra um New York Times Square wärend der Feier um Enn vum Zweete Weltkrich.

D'Police geet dovun aus, dass d'Figur e Méindeg beschmiert gouf, knapp een Dag nodeems de Matrous George Mendonsa op der berühmter Foto am Alter vu 95 Joer gestuerwen ass. Déi berühmten Zeen hat de Fotograd Alfred Eisenstaedt de 14. August 1945 fir d'Zäitschrëft "Life" geknipst.

D'Statue gouf u Florida geléint. De Schued gëtt op ronn 1000 Dollar geschat.

Déi an den USA ausgeléiste weltwäit #MeToo-Beweegung riicht sech géint sexuell Iwwergrëff.