Déi 73. Editioun vum internationale Filmfestival zu Berlin ass vum 16. bis de 26. Februar 2023. Mat dobäi: en Animatiounsfilm mat Lëtzebuerger Bedeelegung.
Op der Berlinale an engem knappe Mount wäert Lëtzebuerg mat enger Koproduktioun vertruede sinn. Wéi de Filmfong e Mëttwoch matdeelt, handelt et sech hei ëm den Animatiounsfilm "A Greyhound of a Girl" vum italienesch-Lëtzebuerger Realisateur Enzo d'Alò, dee fir d'Sektioun "Generation Kplus" selektionéiert ginn ass. An dëser Rubrik läit de Fokus op international Filmer fir de jonke Public.
Et geet ëm e Meedche vun 11 Joer, dat eng grouss Kächin wëll ginn. De Film gouf virun allem zu Lëtzebuerg vu "Paul Thiltges Distributions" produzéiert, an Zesummenaarbecht mat Italien, Irland, dem Vereenegte Kinnekräich, Estland, Lettland an Däitschland.
Déi 73. Editioun vum internationale Filmfestival zu Berlin ass vum 16. bis de 26. Februar.
Hei de komplette Communiqué vu "Paul Thiltges Distributions"!