De 4. Mäerz ass déi 12. Editioun Magritte 2023, wou och Lëtzebuerger Koproduktiounen an d'Vitrinn vun der franséisch-belsch Kinoswelt gestallt ginn.

Nominéiert sinn d'Filmer "Rebel", "Where is Anne Frank" et "L'Ennemi" a folgende Kategorien:

Meilleur film flamand:
"Rebel"  koproduzéiert vum Jésus Gonzalez (Calach Films) a realiséiert vum Adil El Arbi a Bilall Fallah.

Meilleur film étranger en coproduction:

"Where is Anne Frank" koproduzéiert vum Jani Thiltges (Samsa Film) a realiséiert vum Ari Folman.

Meilleure actrice:

D'Lubna Azabal am Film " Rebel".

Meilleur acteur:

De Jérémie Renier am Film "L'Ennemi" koproduzéiert vum David Grumbach (Bac Cinéma) a  réaliséiert vum Stephan Streker.

Den Aboubakr Bensaihi am Film "Rebel".

Meilleure musique originale:

Den Hannes De Maeyer, Oum, Aboubakr Bensaihi fir de Film "Rebel".

All d'Nominatioune fënnt een um Site Les Magritte du Cinéma. Déi 12. Zeremonie am Kader vum Magritte ass de 4. Mäerz am Théâtre National Wallonie-Bruxelles.

De Lëtzebuerger Kino zielt antëscht am Ganze schonn 84 Nominatiounen a gouf och schonn 22 Mol mam Magritte ausgezeechent zanter 2011.