Op Lëtzebuergesch steet d'Wuert "Stëmmen" fir d’Ausfëlle vum Walziedel, awer och fir d’Stëmme vun Artisten. De Projet "Eis Stëmmen" verbënnt déi zwee.

All d'Lidder an Interviewen op RTL Play.

Zil vum Projet war et, Kanner a jonke Leit parteipolitesch neutral d'Institutiounen an de Fonctionnement vun der Demokratie z'erklären an déi grouss Walthemen unzeschwätzen, déi si concernéieren.

D'Iddi war, den Artisten d'Fräiheet ze loossen, déi Themen a Lidder ëmzesetzen an dës mat hire “Stëmmen” Kanner a jonke Leit ze vermëttelen.

"Eis Stëmmen" ass eng Initiativ vun RTL. All Lidder goufe produzéiert vum Turnup Tun an den Unison Studios zu Déifferdeng. D'Videoe goufe realiséiert vu FOQUS.

8. "Wat mir sinn" - Oke & Johnny Chicago


"Fir sou vill Jonker, déi ausgesi wéi ech, bedeit et vill, dass ech bei esou Projete matmaachen". Dat seet de jonke Museker a Student Oke. Hie wëll mat sengem Lidd "Wat mir sinn" Jonker motivéieren, fir wielen ze goen. Et wier wichteg, dass och d'Meenung vun der jonker Generatioun gelauschtert gëtt. Fir un déi lëtzebuergesch Geschicht ze erënneren, huet hie mam Slogan "Mir wëlle bleiwe wat mir sinn" ugefaangen, säi Songtext iwwer Inclusioun ze schreiwen. Zesumme mam Johnny Chicago ass dann de ganzen Text op Lëtzebuergesch an Englesch entstanen.

7. "Angscht" - CHAiLD & Turnup Tun

Wann ee mierkt, dass eng Persoun net gutt behandelt gëtt, soll een eppes soen. Dat wëllen déi zwee Museker CHAiLD an Turnup Tun mat hirem Lidd "Angscht" ausdrécken. An hirem zweete Lidd fir d'Serie "Eis Stëmmen" sangen si iwwer Diskriminatioun. Wéi si kleng waren, hätt nämlech dacks keen Erwuessenen agegraff, wa mat engem Kand de Geck gemaach gouf. Dat dierf net sinn, fannen si. Dowéinst kéint een och selwer als Kand eppes soen. Vun de Walen dëst Joer erhoffen sech déi zwee Kënschtler, dass och méi jonk Politikerinnen a Politiker matentscheede kënnen.

6. "Aus dem Haus" - marcy

Wunnen ass e Recht. Ma wéi garantéiert een dat an engem Land wéi Lëtzebuerg? E Land, an deem e klenge Grupp vu Leit e groussen Deel vum Buedem besëtzt, wärend d'Zuel vu Leit, déi no de Wunnkäschten net méi vill iwwreg hunn, oder iwwerhaapt, keen Dag iwwert dem Kapp fannen, ëmmer méi grouss gëtt? Eng Léisung ass net a Siicht, vläicht och well eenzel Leit weider méi räich kënne ginn an et u Solidaritéit tëschent de Generatioune feelt, stellt d’marcy fest. Als jonk Fra ass si ofhängeg vun den Elteren a fillt sech net richteg erwuessen, mee wéi wa si an deem Sënn ëmmer e Kand géing bleiwen.

5. "Monarchie" - Dëppegéisser

Lëtzebuerg ass eng konstitutionell Monarchie an dat eenzegt Land op der Welt, dat vun engem Grand-Duc regéiert gëtt. En demokratesche Modell mat enger Verfassung, an deem et e Staatschef gëtt, deem seng Roll iwwert d'Joren ëmmer méi symbolesch ginn ass. Fir hiert Lidd Monarchie sinn d’Dëppegéisser der Fro op de Fong gaangen, wien da schlussendlech d'Decisiounen hëlt a wat de Grand-Duc oder d'Grande-Duchesse um Ënn nach ze soen huet. E Song, deen erkläert, wou déi Reegele festgeschriwwe sinn, wéi Muecht verierft gëtt a wat alles zum representative Charakter vum Staatschef dozou gehéiert.

4. "Nach e Schrëtt" - Irem

Fir seng Rechter astoen, op d'Strooss goen, haart ginn – Aktivismus an zivilgesellschaftlech Engagementer droen dozou bäi, datt d'Gesellschaft sech verännert a Fortschrëtter erreecht ginn. D'Irem studéiert Astrophysik a mécht Musek an ass domat als Fra an zwee Secteuren ënnerwee, déi vu Männer dominéiert sinn. An hirem Alldag fillt déi jonk Sängerin sech dacks net ganz eescht geholl an huet bal keen anere Choix, wéi sech mam Feminismus ze beschäftegen. Dat dierf fir d'Irem net just en Trend sinn, ma et muss och wierklech un der Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer geschafft ginn.

3. "Blumm zu Stëps" - C'est Karma

D'Politik misst méi maachen, fir d'Ëmwelt ze schützen an net d'Verantwortung den eenzele Leit iwwerloossen. Duerch Gesetzer kéint een nämlech méi séier méi erreechen. Dat fënnt d'Musekerin C’est Karma. Déi lëtzebuergesch Kënschtlerin huet 21 Joer a war schonn an hirer Kandheet a Jugend fir de Klimaschutz engagéiert. Och wann een dacks d'Gefill hätt, dass sech näischt ännert, wier et wichteg, dass déi Jonk sech weider fir de Klimaschutz staark maachen. Als Kand hätt sech C’est Karma méi Bereetschaft fir radikal Ännerunge gewënscht. Vun der nächster Regierung erhofft si sech méi Verantwortung.

2. "Tell me why" - Alfalfa

Mënscherechter gi jiddwereen eppes un. Dat hu sech och de Bert an de Charel vun Alfalfa geduecht an e Lidd doriwwer geschriwwen. Selwer hätte si sech als Kand net vill fir Politik interesséiert. Dat géing awer wuel och doru leien, datt et hinne gutt gaange wier a si sech selwer keng Froen hu misse stellen. Si hätte schonn als Kand awer gemierkt, datt net jiddwereen déi Chance huet. Haut, 75 Joer no der allgemenger Deklaratioun vun de Mënscherechter vun de Vereenten Natiounen, gesinn déi zwee Museker, datt de Schutz vun de Grondrechter nach ëmmer ze dacks net op éischter Plaz steet.

1. "Dream too much" - Turnup Tun & CHAiLD

Jiddereen hei am Land war mol eng Kéier oder ass aktuell nach an der Schoul. Mee net jiddereen huet gutt Erfarungen an der Schoul gemaach. Doriwwer sangen den Turnup Tun an de CHAiLD. Si wëlle mat hirem Lidd Jonker encouragéieren, dat ze maachen, wat si wierklech wëllen. A méi wäit ze dreemen. Si selwer hätte sech an hirer Schoulzäit méi Plaz fir Kreativitéit gewënscht. A méi Ënnerstëtzung, wann ee seet "Ech wëll Musek maachen". Well all Schoulfach ass wichteg an eng Gesellschaft brauch och ënnerschiddlech Beruffer, sote si am Interview. Dat sollt och an der Schoul méi vermëttelt ginn.