Zesumme mat Cherrytree Music Company bréngt den Atelier keen anere wéi de Sting op d'Bün an d'Escher Rockhal.

Freet iech op Songs wéi "Fields of Gold", "Shape of my Heart", "Roxanne" "English Man in New York" oder nach "Message in a Bottle": Den 9. Dezember wäert de berüümte Sänger a 17-fache Grammy-Gewënner seng gréissten Hits an enger dynamescher Show zu Esch zum Beschte ginn. Nieft senge sëllege Lidder als Solokënschtler wäerte Stécker aus der Zäit vun "The Police" bestëmmt net feelen.

Begleet gëtt de Sting net just vun engem elektreschen Rock-Ensemble, als Special Guest huet hien den Joe Summer mat am Gepäck.

Net just seng Fans wäerten dëst op kee Fall wëlle verpassen, ëmmerhin gouf de Sting mat sengen "My Songs" no 6 Sold-Out-Nuechten am Londoner Palladium vun der "Times" als "Masterclass" titeléiert. Den 9. Dezember sollt ee sech also am Kalenner rout usträichen, ma och den 21. Abrëll. Deen Dag um 10 Auer fänkt nämlech de Virverkaf um Site vum Atelier un.

RTL

Wien do net séier genuch ass, hei e Gewënnspill

RTL.lu gëtt Iech d'Geleeënheet, fir gratis beim Concert mat derbäi ze sinn.
Wat musst Dir dofir maachen?

Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "Sting" an Ärem Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € de Message) a gewannt Är Ticketen.

Vill Gléck!

A wie Member vum Sting-Fan-Club ass, dee kann donieft op exklusiv Virverkafsticketen op www.sting.com zeréckgräifen.