Mat hirer "Higher than Heaven"-Tour kënnt déi brittesch Sängerin fir eng weider Kéier op Lëtzebuerg.

Fir d'lescht stoung d'Ellie Goulding 2016 hei zu Lëtzebuerg op der Bün, antëscht ass si zu nach engem méi groussen, weltbekannte Popstar geräift an ass un der Spëtzt vum Mainstream-Pop ukomm.

Hiren Debut hat d'Sängerin mat der Sopran-Stëmm mat Lights" am Joer 2010 an zanterhier geet et just biergop. 2012 koum den Album "Halcyon" an 2015 dunn den drëtte Studioalbum "Delirium". Mat "Brightest Blue" huet déi zweefach Brit-Award-Gewënnerin hiren drëtten Nummer-1-Hit a Groussbritannien erreecht.

Elo ass si nees zeréck op der Bün mat hirer Tour "Higher than Heaven" a mécht deemno och nach emol e Stopp am Atelier an der Stad.

De Virverkaf ass e Freideg 21. Abrëll um 10 Auer.

Méi Informatioune fannt Dir och um Site vum Atelier.

Wie beim Concert samschdes den 28. Oktober 2023 wëll dobäi sinn, kritt d'Méiglechkeet bei eis seng Entréesticketen ze gewannen.

Wat musst Dir dofir maachen?

Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "Ellie Goulding" an Ärem Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € de Message) a gewannt Är Ticketen.

Vill Gléck!