De Calogero kënnt mat senger "Amour Tour" op Lëtzebuerg

No 2018 ass den Atelier frou, z'annoncéieren, dass den Calogero am Mäerz 2024 nees zeréckkënnt.
Zanter iwwer 30 Joer mécht de Calogero Joseph Salvatore Maurici, wéi de franséische Sänger mat ganzem Numm heescht, scho Musek. Seng Ufäng hat hien an der Band "Les Charts" an huet seng musikalesch Experienz mat ville verschiddene Projete verdéift. Och fir aner Interpreten huet de Fransous eng jett Lidder geschriwwen, ier hien am Joer 2000 säin éischte Soloalbum erausbruecht huet. Den Duerchbroch koum mam zweeten Album zwee Joer méi spéit.
2012 gouf hien och Member vun der Band "Circus", ass awer donieft nach als Solo-Kënschtler ënnerwee. Sechs Albe méi spéit geet et dann nees op Tour. Mat senger bis haut Rock-Pop-Attitüd steet hien deemno den 2. Mäerz d'nächst Joer zu Esch op der Bün.
De Virverkaf ass en Dënschdeg 23. Mee um 10 Auer. Méi Informatioune fannt Dir och um Site vum Atelier.
- Mir hunn exklusiv e puer "Early Entry"-Tickete fir iech -
Wat musst Dir dofir maachen?
Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "Calogero" an Ärem Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € de Message) a gewannt Är Ticketen.
Vill Gléck!