De Paul Hilbert wéist op dëser Ausstellung 26 vu senge schéinste Fotoen, woubäi verschiddener bis elo nach ni publizéiert goufen.

Den „Léiffrawëschdag“ zu Greiweldeng zitt all Joer den 15.August eng Onmass vu Leit un. Zu deem Ulass organiséiert den Fräizäitfotograf Paul Hilbert, selwer e Greiweldenger Awunner, eng grouss Fotoausstellung am groussen Sall vum frësch renovéierten Haus „An Zammer“.

Hie presentéiert 26 vu sengen schéinsten Biller. En Deel vun den Fotoen sinn nach néierens publizéiert ginn, dofir wärt des Ausstellung souguer sengen Facebook Frënn nach Iwwerraschungen bereeden.

Alleguer d’Biller ginn op Toile presentéiert, a verschiddenen Gréissten, vun 75x50cm bis zum Panormaformat 150x50cm.

Den Paul Hilbert verzicht bewosst drop sech ze vill op Stilrichtung fest ze leeën. De groussen Deel vun dëser Ausstellung besteet hei zwar aus stëmmungsvolle  Landschaftsfotoen a Fotoen vun der Staat Lëtzebuerg. Allerdings erwaart den Visiteur och déi eng oder aner Surprise, grad fir déi, wou seng Fotoen kennen.

D‘Ausstellung ass op e Samschdeg op „Léiffrawëschdag“ vun 10:00h bis 19:00h. Fir déi Leit déi um Samschdeg net kenne kommen, ass se och nach e Sonndeg, de 16. August, zu den selwechten Auerzäiten op.