D'Annick Goerens war e Freideg fir RTL op d'Avant-Première vum vill erwaarte Lëtzebuerger Film a liwwert eis hei hir Impressiounen.

Dëse Mëttwoch kënnt jo den neie Long-Métrage vum Lëtzebuerger Christophe Wagner an d'Kinoen. De Film mat just Lëtzebuerger Schauspiller, dorënner och vill bekannt Nimm wéi André Jung, Jules Werner a Luc Schiltz weess ze iwwerzeegen an dat net nëmme mat formidabele Biller a vill Léift fir den Detail, mä virun allem ass et mol ee Lëtzebuerger Krimi, deen op reellen Evenementer baséiert an deen iwwer eng Zäit schwätzt un déi vill Leit sech net gären an net ëmmer richteg erënneren.

Et ass e Film iwwer d'Nokrichszäit zu Lëtzebuerg, also iwwer déi Méint direkt nom Enn vum zweete Weltkrich, enger Zäit wou och zu Lëtzebuerg alles drënner an driwwer goung. Eng Zäit wou et ee Gruef gouf tëscht der Sich no der Wouerecht, wien huet mat den Nazie kollaboréiert, wien huet wie verroden an enger Zäit wou och vill ënnert den Teppech gekiert gouf, fir déi ëffentlech Uerdnung oprecht ze erhalen. Et ass ee Film iwwer Leit, déi verzweiwelt sinn, iwwer Leit, déi un den Opbau denken, iwwer Zwangsrekrutéierter, Resistenzler, Collaborateuren a Leit, déi am Maquis, also bei de franséische Resistenzler gekämpft hunn.

Kuerz zur Geschicht, de Film fänkt also un 1945, no der Ardennen-Offensiv an de Jules Ternes, gespillt vum Luc Schiltz, deen a Frankräich am Maquis gekämpft huet, kënnt a säin Heemechtsduerf am Éislek zeréck, kritt eng Plaz bei der Gendarmerie a freit mat enger Mod dem Léonie, dat um Wandhaff fir en däitsche Bauer schafft. Kuerz drop gëtt hat zesumme mat der däitscher Famill op brutal Aart a Weis ëmbruecht. De Jules trëfft dëse Mord natierlech schwéier an hie ka sech net domat offannen, dass d'Sûreté vu Raubmord schwätzt, fir de Fall séier ofzeschléissen, wat och all Mënsch am Duerf ze arrangéiere schéngt an dofir sicht de Jules weider no Indicen.

A sou hëlt dëse Krimi, dee genee déi richteg Mëschung ass tëscht historesche Faiten, also dem fënneffache Mord um Wandhaff, a Fiktioun säi Laf.

Mam Film „Eng Nei Zäit“ wëll de Christophe Wagner dëst Kapitel vun eiser Geschicht nach eng Kéier frësch opmaachen a re-evaluéieren. Hie bréngt engem breede Public méi no, wat déi rezent Aarbecht vum Historiker Vincent Artuso scho gewisen huet: Lëtzebuerger woren net ALL fervent Resistenzler, obwuel den Image vum „gudde Lëtzebuerg“ wat sech géint Nazi-Occupatioun gewiert huet Joerzéngte laang oprecht erhal gouf.

Am Film bréngt den Duerf-Metzler et op de Punkt: „Wa se all Mënsch géingen aspären, deen iergendwéi mat den Däitschen zesummegeschafft huet, da wär kee méi iwwreg.“ Den Ënnertitel vum Film: Kann e Land seng Zukunft op Ligen opbauen, weist also zum Deel: „Jo, dat kann een, wann een einfach net driwwer schwätzt.“ An d'Entschëllegung dofir zitt sech duerch de ganze Film „ Et wor alles net sou einfach“.

„Eng Nei Zäit“ ass wierklech ze recommandéiere an zwar fir all Mënsch, dee sech mol, nieft de Biller vu begeeschterte Mënschemassen um Stroosse-Rand, wéi eis Grand-Grande-Duchesse Charlotte aus dem Exil zeréck koum, mat der anerer Versioun vu Lëtzebuerg nom Zweete Weltkrich auserneesetze wëll.

De Kameramann Jako Raybaut iwwerzeegt mat immens schéine Biller vun Éisleker Landschaften. Och d'Decoren vun den Haiser, de Kleeder a Coiffurë goufe mat vill Léift fir Detail ëmgesat.

„Eng Nei Zäit“ ass wierklech ee flotten Film - inhaltlech, mä och fir d'An!

Vill Emotiounen! E grousse Merci.

Posted by ENG NEI ZÄIT on Saturday, October 10, 2015