Am Dezember 2015 an am Januar 2016 ass de Paul Hilbert vu Greiweldeng fir seng Fotokonscht ausgezeechent ginn.

De 15. Dezember krut hien den éischte Präis fir seng Foto vun den 3 Eechelen, déi hie fir de Concours "Colours of Heritage" agereecht hat, vun der Stater Burgemeeschtesch Lydie Polfer iwwerreecht.

En Donneschdeg, 14. Januar krut hie während enger sympathescher Feier am Trifolion den éischte Präis an der Kategorie Schwarzwäiss am Concours Jacques-Marie Bellwald, organiséiert vum Tourist Office vun der Stad Iechternach, vum Raymond Becker vum Tourist Office iwwerreecht. D'Foto weist den Haff vun der Iechternacher Abtei.

RTL

Foto vun den 3 Eechelen fir de Concours "Colours of Heritage". / © Paul Hilbert