Wou fréier Eise geschweesst gouf, kommen kreativ Käpp un d’Schweessen.

Zanter Enn 2013 funktionéiert um fréieren Arbedsite zu Déifferdeng de Projet 1535. Dëse gouf vun der Gemeng Déifferdeng an d’Liewe geruff a gëtt och vun hir finanzéiert. Um 16.000 Quadratmeter grousse Site gouf bis ewell eng vun 3 Halen zu enger Kreativfabrik ëmgewandelt.

42 Betriber, mat iwwer 250 Leit, dorënner Designer, Grafiker, Fotografen, Filmproduzenten, Architekten a Kënschtler, sinn hei aktiv. 250 Aarbechtsplazen mol 50.000 Euro d'Joer fir d'Paien: Dat wieren elo schonn 10 Milliounen Euro fir d'Paien, esou de Roberto Traversini. Da kann ee sech virstellen, wat dëst och an Zukunft dem Staat an de Gemenge bréngt.

Bis 2020 sollen och di zwee aner Gebaier um Site fäerdeg amenagéiert sinn, fir weidere Locatairen Plaz fir kreativ Aarbecht ze bidden. Aktuell gëtt et och schonn eng laang Waardelëscht, mee net jidderee kann ugeholl ginn, bedauert d’Dina Di Pinto, déi sech ëm d’Administratioun vum Projet 1535 këmmert. Et muss kreativ sinn, professionell a muss och passen. Et gëtt och Diversitéit gekuckt ginn.

D’Zil ass et nämlech, datt d’Kënschtler sech och ënnerteneen austauschen an deemno wéi och zesumme Projeten op d’Been kënne stellen. D’Konzept vum 1535 ass eemoleg zu Lëtzebuerg, dofir ginn och Gruppevisitten um Site zu Déifferdeng ugebueden. Am Hierscht ass iwwerdeems eng Porte Ouverte geplangt.

Am Journal op der Tëlee komme mer nach engem Reportage op d’Entwécklung vum Site zeréck.