Eng Geschicht vun enger Famill vu Mamer, déi decidéiert an Amerika auszewanderen, wat natierlech dann och Problemer matsechbréngt.

„E Living an Amerika“ spillt am 19. Joerhonnert. E Chouer an e klengen Orchester sinn dann och mat dobäi, an d’Texter vun de Lidder hunn awer méi eng aktuell a satiresch Approche. De Pol, dee vum Raoul Schlechter gespillt gëtt, spillt e Personnage aus eiser Zäit, deen iergendwéi an d’Vergaangenheet geroden ass.  Esou begleet hien d’Famill op hirer Aventure an en neit Liewen a bréngt esou Anekdoten aus eiser Aktualitéit mat eran.

Den 11., 12., 15. an 16. Februar kann een „E Living an Amerika“ nach an den TNL kucken goen. Datume fir spéider Opféierunge fënnt een dann op www.luxembourg-ticket.lu.