De Sting kënnt wuel e Samschdeg den Owend an d'Rockhal, ma leider wollt en awer keen Interview op RTL Radio Lëtzebuerg ginn.

E Samschdeg de Moien hat d'Equipe vu RTL Radio Lëtzebuerg den Opruff gemaach, fir exklusiv mam Sting ze schwätzen, dee jo e Samschdeg den Owend an der Rockhal op der Bühn steet.

Onméiglech wier et deemno net gewiescht!

E puer Nolauschterer u sech dann och gemellt, fir dem Sting hir Froen ze stellen, ma zum Schluss goufe si dunn opgekläert: Et war just en Abrëllsgeck...

AUDIO: Abrëllsgeck: Kee Live-Gespréich mam Sting