Annenmaykantereit, De Läb Orchestra a Goat heeschen 3 Headliner vum Food for your Senses Festival 2017.

Méi wéi e renge Museksfestival - De Food um Kierchbierg
Annenmaykantereit, De Läb Orchestra a Goat heeschen 3 Headliner vum Food for your Senses Festival 2017.

Um Mëttwoch hunn d'Organisateuren Detailer vun der 10. Editioun bekannt gemaach. No 2 Joer Pau s ass de Festival jo dëst Joer op engem neien Site, an zwar um Kierchbierg direkt nieft der RTL City vum 4. bis de 6. August!

AUDIO: Food For Your Senses/Reportage Carmen Michels

Lauschteren, schmaachen, richen: Och dëst Joer kommen all d'Sënner op hir Käschten. De Food for your senses wëll nach ëmmer méi si wéi e renge Musikfestival.

Eng gréng Oase matten an der Stad, esou beschreiwen d'Organisateuren den neie Site um Kierchbierg. Nieft bessere Verbindungen ass an bleift d'Natur ee wichtegen Aspekt , an esou ass dee verwénkelte Site optimal fir d'Organisatioun vum Festival, deen natierlech Concerten, mä och Konschtausstellungen, Iessen an Diskussiounsronnen ënnert anerem bitt.

© Carmen Michels

D'Organisateure rechne vum 4. bis de 6. August mat 5 bis 7.000 Visiteure pro Dag. Vill Leit. Duerfir hunn d'Organisateuren och ëm d'Sécherheet Gedanke gemaach. Nieft enger ganzer Rei zousätzlechen Assurancen, déi d'Asbl ofgeschloss huet, si Police, Pompjee a Security natierlech am Asaz an et gouf och iwwer den Trafic nogeduecht.

Wat net geännert huet, an dach dacks vergiess gëtt, ass dass nach ëmmer eng Asbl hannert der Organisatioun vum Festival stécht! Eng Ronn 40 Benevolle plangen den Event. Bis August kommen awer ëmmer méi Leit dobäi, déi hir Zäit, kreativ Iddien oder och Material an d'Organisatioun vun dësem Event mat abréngen.

Uewen am Artikel ass och ee Link op de PDF vun dëser Kaart