De Concours gouf organiséiert vun der Kultur-Kommissioun an dem Syndicat d’Initiative et de tourisme vun der Wormer Gemeng.

D’Thema war: Manner bekannten Ecken, Plazen, Vuen, Evenementer aus der Wormer Gemeng.

Den 1. Präis krut den Fernand Stein, den 2. Präis war fir de Paul Hilbert an d’Gaby Thill gouf mam 3. Präis ausgezeechent.

D’Austellung mat 40 immens flotte Fotoen ass ze gesinn am wonnerschéine Kulturkeller vum Toussaint’s Haus zu Wuermer, 94 rue Principale.

Donneschdeg,  den 22. Juni vun 18:00 – 21:00 Auer

Samschdeg,  de 24. Juni vun 15:00 – 18:00 Auer

Sonndeg, de 25. Juni vun 15:00 – 18:00 Auer

Samschdeg (Bréckefest), den 1. Juli vun 11:00 – 18:00 Auer