Et ass dëst Joer déi 13. Produktioun vum Schankemännchen.

Am Prommenhaff zu Groussbus gëtt vum 20. bis den 29. Juli d'Theaterstéck "De Revisör" opgefouert. D'Komedie, déi 1836 vum Nikolai Gogol geschriwwe gouf, ass elo vum Claude Mangen an d'Lëtzebuergescht iwwerdroe ginn.

Obwuel d'Stéck schonns bal 200 Joer um Bockel huet, sinn d'Themen op kee Fall an d'Jore komm. Et ass eng humoristesch Approche un d'Thematik vun der Korruptioun, der Lidderegkeet an der Gurmangsegkeet, déi sech an engem klengen Duerf an der Pampa breetgemaach huet an duerch den titeldroenden "Revisör" opgerëselt gëtt.

De Regisseur Claude Mangen iwwer d'Gogol-Stéck op Lëtzebuergesch:

Schankemännchen "De Revisör" Claude Mangen

D'Requisite si mat just 7 Hockere bewosst minimalistesch gehalen, mä déi traditionell russesch Kostümer vum Sylvie Hamus ginn am Stéck gutt an Zeen gesat. D'Stéck ass bis ewell vum Publikum ganz gutt opgeholl ginn.

Gespillt gëtt nach bis den 29. Juli zu Groussbus am Prommenhaff.

Reservatioun: 671 222 224 oder op www.schankemaennchen.lu