Déi jonk Lëtzebuerger Fuerscher waren op engem internationale Concours, dee vun der Europäescher Kommissioun organiséiert gouf.

Hei konnt d'Camilla Hurst ee spezielle Präis gewannen, dat beim Concours zu Tallinn an Estland. déi Jonk Fuerscher aus Lëtzebuerg ware mat 3 Projete beim Concours dobäi.

Ee Projet war "iStudent", eng App fir Studenten, déi vum Max Arendt a Leo Loch aus dem LGL developpéiert gouf. Dann nach eng Etüd iwwer d'Konzentratioun vun de Schuler an der Schoul. Dës gouf realiséiert vun dräi jonken Dammen aus dem Atert-Lycée Réiden. De leschte Projet war dee vum Camilla Hurst. Hei geet et ëm d'Hygiène op ëffentleche Plazen.

RTL

© FJSL