Am Kader vun enger Visite zu Soissons, wou och de Grand-Duc an de Staatssekretär dobäi waren, gouf erkläert, datt een zu Schieren viru ville Rätsel steet.

De Proprietaire vun der Réimer-Villa zu Schieren war wahrscheinlech e wichtege Mann a Gallien, wa net esouguer am réimesche Räich. Dat ass d'Conclusioun, déi d'Archeologen aus der Analyse vun de Fresken aus engem bestëmmte Raum vun där Villa, dem Raum Nr.10, zéien.

AUDIO: Fresken zu Schieren 2 / Reportage Nico Graf

Dat ass ee Resultat vun enger héichwäerteger Informatiouns-Visite zu Soissons, wou déi Freske sortéiert a restauréiert ginn.

Wat de Grand-Duc Henri an de Staatssekretär am Kulturministère Guy Arendt do gewise kruten, ass en enorme Puzzle, ausgebreet iwwer zeg Dëscher a nach laang net fäerdeg. Wie sech nach ëmmer nëmme wonnere kann, wat do aus dem Buedem an aus dem Bulli gerett konnt ginn an elo lues a lues erauskënnt, dat ass, responsabel fir Schieren, d'Veronique Biver. Den iwwer an iwwer dekoréierte Raum Nr. 10, wéi si e nennen, ass fir si e Rätsel.

Grad den Opbau vum Raum, grouss, héich mat enger grousser Fënster, kann ee sech net erklären.

De Raum war e Schlauch, dee steet: 4,5 Meter op 3,50 a bal 5 Meter héich. Och d'Sabine Groetembril, déi responsabel Freske-Spezialistin vu Soissons, gesäit de Problem. Et war e Raum, dee gehëtzt war, wou ee sech also opgehalen huet. Vläit huet de Proprietaire do mat senge Clienten iwwer d'Economie oder d'Politik geschwat. Eventuell kéint et awer och d'Appartement vun der Fra vum Besëtzer gewiescht sinn. Et muss een awer elo weider vill analyséieren, fir erauszefannen, wat dee Raum, par Rapport vum Rescht vum Haus, war. Ma de Rescht gouf awer bis elo ignoréiert.

Dee Fresko, dee si am Léifsten huet, ass ee grousst fragmentéiert Stéck, wou ee ganz genee kucke muss, fir ze gesinn, wat do gemoolt ass, an zwar den Hercule, deen der Kinnigin Omphalos beim … Wollspannen hëllefe muss a si huet seng Attributer, notamment de schwéiere Knëppel. Erotik mat Rollentosch? Esou op alle Fall gesinn et d'Experten. Den Hercule ënnerwerft sech hei der Kinnigin.

Wéi meng Kinnigin nach huet gesponnen, zu Schieren...

Déi artistesch Qualitéit vun de Freske wier enorm, seet d'Fachfra an zitt Conclusiounen, wann net iwwer den enigmatesche Raum, dann awer iwwer de Proprietaire. Dee kéint e wichtegen Dirigent aus der Regioun mat Kontakter zu Roum gewiescht sinn. E sollt also vun Tréier gewiescht sinn.

Tréier also, d'Haaptstad vun deemools, a Schieren - dolce-vita-Weekend-Villa vun engem Patrizier? Allez savoir.

Zu Schieren gëtt weidergegruewen.

VIDEO: Freske vu Schieren ginn zu Soissons restauréiert
Et ass een aussergewéinlechen archeologesche Site. Zu Schieren, gëtt zanter Joren un den Ausgruewunge vun enger réimescher Villa mat Dependance geschafft.

Grand-Duc begeeschtert vu réimesche Freske vu Schieren

© Nico Graf

Dat do muss erhalen an onbedéngt de Leit gewise ginn. Soen unisono de Grand-Duc Henri an de Kulturstaatssekretär Guy Arendt iwwer déi réimesch Freske vu Schieren. Déi an engem spezialiséierten Atelier zu Soissons analyséiert an erëm zesummegesat ginn. Eng Lëtzebuerger Delegatioun huet do eng Visite gemaach.

AUDIO: Réimesch Freske vu Schieren - Reportage vum Nico Graf

De Grand-Duc, de Guy Arendt a ganzer zwee Deputéierte ware mat op Soissons, wou an engem groussen ale Miel-Späicher vun enger fréierer Abtei e risege Puzzle ausläit. Et sinn d'Freske-Stécker aus engem Raum vun der Schierener Réimer-Villa. Hei e Gesiicht, do e Kierper, emol zwee Käpp, dann erëm Déieren a Planzen. Alles aus dem 3. Joerhonnert. Wann een eppes erkennt, ass et lieweg, vill rout, vill blo – faarweg sinn d'Stécker ëmmer.

© Nico Graf / RTL Radio Lëtzebuerg

De Grand-Duc Henri kritt alles gewisen, heiansdo mécht hien esouguer eng Foto mam Handy. Grand-Duc Henri: Et ass eng Emotioun, déi wierklech ganz staark ass. Wann een déi Biller gesäit, an d'Leit déi drop gemoolt sinn, déi schwätze wierklech, déi bréngen eis déi Zäit erëm vu virun 2000 Joer. Dat ass natierlech extrem impressionnant.

Schieren ass nu ganz no bei Colmer-Bierg.

Grand-Duc Henri: Ech gesi praktesch vu mengem Zëmmer mat der Jumelle déi aner Säit vun der Nordstrooss. Dat ass natierlech ganz no formidabel, wéi d'Geschicht vum Land vu Colmer-Bierg a vu Schieren scho sou wäit zeréck geet.

Och de Grand-Duc mécht sech Gedanken driwwer, wat mat de Réimer-Fresken an Zukunft geschéie soll.

Grand-Duc Henri: Dat ass déi grouss Fro. Eng Reconstitutioun... villäicht... dat muss ee kucken. Et muss ee wierklech kucke wéi et an der Zukunft och kéint ausgesinn. Ech menge mir mussen eise Patrimoine an och de réimesche Patrimoine bewäerten a schéi presentéieren.

De Staatssekretär Guy Arendt confirméiert, datt d'Ausgruewungen zu Schieren jiddwerfalls weiderginn. 4/5 vun der Villa leie jo nach am Buedem. Aus dem Buedem ausgruewen, schéin a gutt, mä wat ass duerno?

Guy Arendt: Also déi heite Saachen, déi elo hei restauréiert ginn an erëm zesummegebastelt ginn, mir mussen dem Public et weisen. Ech mengen et ass ganz kloer, et ass Patrimoine national. Mir kënnen dat net elo an iergendeen Eck stellen, déi Aarbecht déi hei gemaach ginn ass an dann dat total vergiessen. Mir mussen definitiv dat dem Public zougängeg maachen. Wéi mer dat elo maachen, dat musse mer nach intern beschwätzen. Well si sinn och hei mat den Aarbechten nach net fäerdeg. Mä mir wäerten hinnen an absehbarer Zäit e Konzept proposéieren, wou mer da kéinten dat awer weisen.

Nico Graf: Dir als Staatssekretär, wouvunner dreemt Dir fir déi Fresken ze presentéieren?

Guy Arendt: Op enger schéiner Plaz, wou de Public vollen Zougang huet a wou de Public dat ka genéissen a sech e Bild maachen, wat fréier an de Villa Romainen dra war.

Nico Graf: Zu Schieren? Zu Colmer? Wou?

Guy Arendt: Schieren... da misste mer schonn e Gebai fannen, mir kënnen déi dote Saache jo net en plein air weisen. Mir musse jo schonn eng gebaute Struktur hu wou mer dat histellen. Schieren, wa mer do eng Struktur géinge fannen, selbstverständlech. Et léich jo iergendswéi op der Hand, well et jo da vum Site vu Schieren kënnt.

© Nico Graf / RTL Radio Lëtzebuerg