Um Menü vum Trendmag: d'Formatioun vu Coiffeuren op déi nei Hoertrends, Yoga an der Luucht a Poschen, déi vun zwou Lëtzebuergerinnen designt ginn.

D'Tanja Kayser an d'Manon Bergh si begeeschtert vu Street-Art-Wierker. Wéi si sech de leschte Chrëschtdag géigesäiteg esou en Tableau geschenkt hunn, koum op eemol d'Iddi, dës Wierker ënner d’Leit ze bréngen, ënner anerem a Form vu Poschen. Artichoc war gebuer.

Des verréckten Iddi konnt tatsächlech ëmgesat ginn. En Täschner an Däitschland huet et fäerdeg bruecht, Poschen aus Tableauen hierzestellen. A scho steet déi éischte Kollektioun vun Artichoc, mam Numm First Rule – No Rule a si erlaabt et elo, Konscht mat ronderëm ze droen. D’Ausféierung ass nobel. Entspriechend dem Wäert vun de Biller.

Zu de Poschen a Weekender kritt een iwwregens och déi passend Portmonnien. Schliisslech soll näischt vun der Konscht verluer goen. Un Iddie fir weider Accessoire feelt et deenen zwou kreative Frëndinne sécher net. Hir nächst Iddi ass et, Halsbänner fir d'Hënn ze maachen, fir dass d'Hënn assortéiert mat der Posch sinn.

Fir eng Iddi ze kréien, vun deem wat Artichoc esou ze bidden huet, ass den 9. November e grousse Pop-Up-Art-Event an der Galerie H2O zu Déifferdeng geplangt. Hei kann een dann och allgemeng op de Goût vun der Street-Art-Konscht kommen, déi d’Manon an d’Tanja esou faszinéiert. Déi Energie kann een also elo och hautno op den Artichoc Poschen erliewen.

Aero Yoga

RTL

Komplizéiert ass villäicht net dat richtegt Wuert, hei ass éischter Kierperbeherrschung gefrot. Fir dëst awer méi genee erauszefannen, hunn Kollege vum d'Lea matgeholl. Als passionéiert Reiderin, huet et mat Yoga esou gutt ewéi näischt um Hutt. Fir d’Lea dann och eng Premiere. Éier et lass geet, mussen awer nach verschidde Saachen op seng Gréisst ajustéiert ginn.

Aero Yoga, och nach Anti-Gravity-Yoga genannt, hëlleft engem ënnert anerem, fir seng Gelenker a Muskelen ze verstäerken an dëst onbewosst an ouni gréisseren Effort. Dobäi kënnt, et ass fir jiddereen, dee fit bleiwe wëllt.

D’Lea mécht sech net schlecht fir déi éischte Kéier, och d’Korrekturen an d'Rotschléi vun der Trainerin droen natierlech dozou béi. An et ass net nëmmen de Réck, deen ee mat Aero Yoga stimuléiere kann, mä de ganze Kierper. Wat ufanks relax ausgesinn huet, huet sech awer du während der éischter Sessioun geännert. Och d'Lea krut dat ze spieren a wäert an deenen nächsten Deeg nach méi wéi eng Kéier drun denken. Als Ofschloss ginn nach Otemübunge gemaach, fir nees Energie ze sammelen.

Centre de Formation vum Coiffeur Dessange

RTL

De Raphaël Veloso, Formateur bei Dessange zu Lëtzebuerg, reest zwee Mol am Joer op Paräis an de Formatiounszenter vun der Mark. Am Ganzen huet Dessange iwwregens 3 där Zentren, een zu Paräis, een an Italien an een an den USA. Eng 1.500 Coiffeure passéieren am Joer eleng an dësem.

Deen heite Centre, dee wéi e richtege Salon ageriicht ass, ass 1979 an d’Liewe geruff ginn, kuerz nodeem d’Franchise gegrënnt ginn ass. Ouni Centre de Formation wier d‘Mark Dessange guer net denkbar.

De Raphaël, dee scho laang Joren zum Haus Dessange gehéiert, weess genee wat vun der Mark verlaangt gëtt, fir en typeschen Dessange-Schnëtt hinzeleeën. Trotzdeem kann och hien nach ëmmer eppes dobäi léieren. De Raphaël huet sech fir e ganz moderne Carré mi-long entscheet. E Carré-Schnëtt ass dëse Wanter den Highlight vun der Saison, awer a verschiddene Varianten.

Hei elo soll um Enn en Effet Vagué entstoen, also e ganz destrukturéierte Carré. Dofir ginn d’Hoer no der Coupe fir d’éischt effiléiert, da gedréchent an duerno mam Eisen a Form bruecht. An um Enn ass jiddereen zefridden, de Formateur zu Paräis, d'Model an awer och de Lëtzebuerger Formateur.

Egal, ob ee sech also de Wanter fir en hallef-laange Carré wavy entscheet oder fir ee méi strukturéierte Bob oder awer och fir eng aner Coupe vum Haus, esou kann een also sécher sinn, datt all Dessange Coiffeur och zu Lëtzebuerg genee weess, wéi een dës Couppen ëmsetzt.