Den talentéierte Fotograf Martin Linster ass am Alter vun 61 Joer verscheet.

1997 huet de Martin Linster ugefaangen, fir de „GréngeSpoun“, Virgänger vun der woxx ze schaffen.

Hie war duerno bal 15 Joer laang attitréierte Fotograf bei der Zeitung "D'Lëtzebuerger Land".

Op senger Wikipedia-Säit kann ee liesen:

"Hie selwer gesäit sech awer net als Fotograf, mä als Fotojournalist. Seng Spezialisatioun ass d'Schwaarz-Wäiss-Fotografie. Vill vu senge Fotoe si charakteriséiert duerch eng ongewinnte Wiel vu Cadrage a Perspektiv."

De Martin Linster huet och dacks ausgestallt. Fir d'lescht 2011 an der Galerie Nosbaum & Reding.

Den Hannerbliwwenen op dëser Plaz eist opriichtegt Bäileed.