An de 70er Jore war den David Cassidy e Weltstar. E war de Mädcheschwarm "Keith" an der TV-Show "The Partridge Family".

Hien hat nieft senger Karriär als Schauspiller och eng Partie Hits als Sänger mat Lidder wéi "I think I love you" oder "Cherish".

Et war déi lescht Jore méi roueg ëm de Cassidy ginn. Am Februar 2017 huet en an engem Interview gesot e géif ënner Demenz leiden. Och seng Mamm a seng Bom hunn ënnert där Krankheet gelidden, an hien hätt laang Zäit gebraucht sech anzegestoen, dass hie wuel och domatter misst rechnen. En huet dunn decidéiert sech op seng Gesondheet ze konzentréieren a seng Karriär un den Nol ze hänken. De gebiertegen New Yorker Cassidy huet 12 Studioalbe verëffentlecht an iwwer 30 Millioune Placke verkaf. E war och e puer mol fir e Grammy nominéiert.

Seng laangjäreg Pressespriecherin Jo-Ann Geffen huet am Numm vun der Famill matgedeelt, dass den David Cassidy am Krees vu senge Léifste gestuerwen ass. Hien ass 67 Joer al ginn.

En hannerléisst 2 Kanner: déi 30 Joer al Schauspillerin Katie Cassidy an de 26 Joer ale Sänger Beau Cassidy.