Zeechnunge vum Mea Bateman a Fotoe vum Paul Hilbert

Déi gemeinsam Expo ass zu Greiweldeng "An Zammer" den 9., 10., 16. a 17. Dezember.
Nodeems d'Mea Bateman an de Paul Hilbert scho virun zwee Joer eng ganz erfollegräich gemeinsam Ausstellung am "Jousefshaus" zu Réimech organiséiert haten, stelle si dëst Joer an der Museluertschaft Greiweldeng aus.
D'Mea Bateman stellt Molereien an Zeechnungen (Graphite, Tënt, Linogravure) aus, woubäi d'Motiver ëmmer op iergendeng Aart a Weis lëtzebuergesch inspiréiert sinn.
De Paul Hilbert presentéiert 16 vu senge beléiftste Fotoen, déi alleguerten op Toile gewise ginn, woubäi hie versicht souvill wéi méiglech Ofwiesslung aus sengem Repertoire ze weisen.
Déi zwee si mëttlerweil keng onbeschriwwe Blieder méi, si kruten iwwer déi lescht Joren, jiddereen op sengem Gebitt, souwuel national wéi och international Unerkennung a Form vu verschiddenen Auszeechnungen a Präisser.
D'Ausstellung ass "An Zammer", 4, op der Baach, zu Greiweldeng.
De Vernissage ass um Freideg den Owend, 8. Dezember ëm 18 Auer. Ausserdeem ass d'Ausstellung op den 9., 10., 16. a 17. Dezember, jeeweils vun 10 bis 12 Auer a vu 14 bis 18 Auer.
Weider Infoen op den Internetsitten:
https://meabateman.blogspot.lu/
http://photos-with-passion.lu/de/