Op 6000 m2 kann de Visiteur bis den 3.12. duerch d’Couloire flanéieren.

D'Konschtfoire gëtt organiséiert vun der franséischer Entreprise „Art3f“ bei där sech alles ëm zäitgenëssesch Konscht dréint.

D’Zil vun der Luxembourg Art Fair ass et virun allem dem breede Public Konscht ze proposéieren, déi fir de Porte-Monnie accessibel ass. Konscht soll schliisslech jiddwereen usprieche vum passionéierte Sammler bis zum Amateur, deen sech spontan vun engem Wierk begeeschtere léisst.