Datt et zu Lëtzebuerg sëlleche Konschthandwierker ginn, dat weess ee spéitstens zënter der grousser Ausstellung "Mains de maitre" 2016 am alen Arbedsgebai.

Zu Bréissel op der Lëtzebuergescher Ambassade gouf elo den 3. Volet vun dëser Konschthandwierk-Ausstellung lancéiert. No Lëtzebuerg a Paräis dann elo Bréissel, wou eng 15 Kënschtler hir Wierker nach bis de 15. Dezember weisen. Dat alles ënnert dem Patronnage vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie.

Ob Keramiken, Bronze, Holz oder nach Textil: D'Materialien, mat deenen d'Kënschtler hei geschafft hunn, si ganz divers. Fir Kënschtler wéi den Tom Flick, dee fir seng Alabaster-Skulpture bekannt ass, ass et eng gutt Geleeënheet, seng Konscht de Leit iwwert Grenzen eraus méi nozebréngen.

De Jean Marc Dimanche ass de Commissaire vun der Ausstellung an huet deemno d'Kënschtler erausgesicht, fir hien ass d‘Harmonie tëschent dem Handwierk an der Kreativitéit vum Kënschtler wichteg.

Dëse Projet gouf an Liewe geruff duerch déi ierfgroussherzoglech Koppel an d'Chambre des Métiers, mam Zil, d'Konschthandwierk z'ënnerstëtzen. Ee Projet, deen der Koppel perséinlech immens um Häerz läit.

Vue datt déi éischten Editioun vu Mains de maitre esou e groussen Succès hat, soll dann och aus dësem Projet eng Biennale entstoen, mat enger neier Editioun Enn 2018.