Déi japanesch Kënschtlerin Kumiyo, déi zanter 2015 zu Lëtzebuerg lieft a schafft, huet déi nei Spezialtimberen entworf.

Besonnesch Philateliste wäerten d'Spezialtimbere "Joyeux Noël" interesséieren. Dës goufen um Méindeg am Postgebai op der Stater Gare presentéiert.

Mat derbäi: d'Artistin Kumiyo, déi fir de visuellen Deel vum Timber responsabel war.

D'japanesch Kënschtlerin lieft zanter 2015 zu Lëtzebuerg an huet hiren Atelier am 1535 zu Déifferdeng. Dat Familiäert vu Chrëschtdag ass d'Iddi hannert dem Motiv op den Timberen.