Carole Lorang, dat ass den Numm vun der neier Directrice vum Escher Theater.

De Charles Muller, deen zanter 2004 d'Geschécker vum ronn 500 Sëtz groussen Theater steiert, hat scho leschte Summer bei der Presentatioun vun der neier Saison wësse gedoen, dass et säi lescht Joer als Direkter wäert sinn.

Carole Lorang gëtt nei Directrice vum Escher Theater
No 4 Hären op deem Posten ass elo eng éischte Kéier eng Fra un der Spëtzt vum Escher Theater.

Et ass déi éischte Kéier, dass eng Fra dee Posten iwwerhëlt, nodeems elo 4 Hären d'Responsabilitéit haten. Si iwwerhëlt den 1. Mäerz de Posten als Directrice, wëll awer och nach weider als Regisseurin schaffen, dat allerdéngs net méi sou dacks. Rieds ass vun eng Kéier am Joer eventuell.

© Pol Arlé / RTL

Ween ass d'Carole Lorang? Am Januar 2016 war si Invité an der ArtBox

VIDEO: D'ArtBox mam Carole Lorang
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.