D'Actioun steet hannert dem Gesetzprojet, deen eis Sprooch soll fërderen, fuerdert d'Regierung awer op, d'Iddien um Pabeier och an d'Realitéit ëmzesetzen.

2017 wier e gutt Joer gewiescht, fir d'Lëtzebuerger Sprooch. D'Asbl. déi den Ament 800 Memberen huet, freet sech virun allem, dass hir Propos, den Arrête vum Tram och Lëtzebuerger Nimm ze ginn, ugeholl gouf.

Eng ganz Partie Jonker géife bei hinne mathëllefen, an et wéilt ee nei Weeër goen.

De President vun der Actioun Lëtzebuergesch, Claude Bache, wëllt fir d'Leit, déi d'Sproch léieren, reegelméisseg Treffen organiséieren, an dat op där neier Adress zu Izeg - Theorie eleng, einfach e Gesetz maachen, géing nämlech net duer ...

AUDIO: De President vun der Actioun Lëtzebuergesch, Claude Bache

De Claude Bache (lénks am Bild)

Den neie Sëtz vun der Asbl. Actioun Lëtzebuergesch fënnt een op der Nummer 20 an der Konter Strooss zu Izeg.