Fir de 17 Joer jonken Tom ass dës Roll eng ganz besonnesch Saach, well hie wëll trotz sengem Handicap berühmt ginn.

Fir sech optimal op seng Roll virzebereeden, war den Tom op Besuch an de Studioe vun RTL an hei konnt hien, wéi all richtege Presentateur, seng "Breaking-News" am Studio a virun de Kameraen soen.

Seng Kollegen an d'Betreier vun der Jeunesse Aasselbur si ganz houfreg op den Tom, well hie sech vum ganzen Drock vun de Kameraen net aus der Rou brénge gelooss huet. Och dem Tom seng Eltere si ganz houfreg souwuel op den Tom, ma och op d'Jeunesse, déi hire Jong esou gutt integréiert a agebonnen huet.

De jonke Schüler aus dem Lycée vu Wolz huet een Zil: hie wëll berühmt ginn an do bréngt hie seng Roll am Theaterstéck a seng Coolness virun der Kamera e klenge Schratt weider, an dat alles trotz Trisomie 21.

RTL