D'Sängerin vun der irescher Rockgrupp "Cranberries" ass am Alter vu 46 Joer ganz onerwaart zu London gestuerwen.

Si wier dout an hirem Hotelszëmmer fonnt ginn. Dat huet um Méindeg den Owend hire Management matgedeelt. Si war an der britescher Haaptstad fir Opnamen an engem Tounstudio do ze maachen.

Hire gréissten Hit mat de "Cranberries"war dat Lidd "Zombie" (September 1994). Och "Linger" war een Tube fir d'Band zu hirer Héichzäit an den 90er Joren.

D'Doudesursaach ass bis ewell awer net bekannt. D'Familljemembere wieren "um Buedem zerstéiert" vun der Nouvelle, sou nach de Management. Si géifen d'Leit froen, fir hir Privatsphär elo ze respektéieren.

D'Cranberries haten 2017 eng Tour missen ofsoe wéint Réckproblemer vun hirer Sängerin.