Lëtzebuerger Geschicht emol anescht. Skurril Anekdoten a Personnagen, déi ee scho bal vergiess hat, ëmmer dënschdes direkt virum Journal.

VIDEO: Et wor emol zu Lëtzebuerg
Lëtzebuerger Geschicht emol anescht. Skurril Anekdoten a Personnagen déi een scho bal vergiess hat.

An der 1. Halschecht vum 12. Joerhonnert huet an enger Hiel matzen am Gréngewald en Einsiedler gelieft – dee "Schetzel" och "Schetzelo" genannt. Als strenge Béisser huet hien a kompletter Aarmut matzen an der Natur en asketescht Liewe gefouert a sech just vu Planzen erniert.

Bis wäit iwwer d‘Grenzen eraus war de Schetzel als frommen Hermit bekannt. Vill gleeweg Pilger sinn an de Gréngewald komm, fir sech vun him Rot a Seege ginn ze loossen. Sou och den Zisterzienserpater Archardus vu Clairvaux aus Frankräich, dee schrëftlech säi Besuch beim Schetzel festgehalen huet.

No 14 Joer haardem Einsiedlerliewen ass de Schetzel 1138 bei senger Hiel gestuerwen a gouf och do begruewen. Zwee Joer méi spéit si seng Iwwerreschter an d’Abtei Almënster iwwerfouert ginn, wou se 400 Joer laang veréiert goufen, bis se 1543 am franséisch-spuenesche Krich verschwonne sinn. Obschonns Roum de Schetzel ni helleg gesprach huet, gouf hien trotzdeem als Hellege vun de Leit veréiert, wat d’Kierch toleréiert huet.

A bis haut kann een dem Schetzel seng Hiel am Gréngewald besichen, do, wou all Joer, den 2. Sonndeg am August, eng Feier ofgehale gëtt mat enger Fräiliichtmass an enger Bëschseenung.

© lm

© lm