De Regisseur vun "Die Blechtrommel" war um Samschdeg fir eng Masterclass zu Lëtzebuerg.

De Volker Schlöndorff, deen "Die Blechtrommel" verfilmt huet, ass wuel ee vun den erfollegräichsten däitsche Realisateuren. Hie war um Samschdeg zu Lëtzebuerg am Kader vum LuxFilmFest.

D'Claudia Kollwelter huet sech mam Oscar-Gewënner ënnert anerem iwwert seng Virléift fir Literaturverfilmungen ënnerhal.

VIDEO: De Volker Schlöndorff an d'Literatur
En Auszuch aus dem groussen Interview mam däitsche Regissuer vum Claudia Kollwelter.

Am Gespréich goung et awer och ëm Politik an d'MeToo-Debatt. Hei drënner dee ganzen Interview.

VIDEO: Interview mam däitsche Regisseur Volker Schlöndorff
Hei dat ganzt Gespréich, dat d'Claudia Kollwelter mam Volker Schlöndorff gefouert huet.