Mat hire Collagen a Kompositiounen erzielt si Geschichten.

D'Kënschtlerin Diane Jodes schafft am Semaphore Art Studio zu Éiter op der Gare. Hir Kreativitéit dréckt si gär a verschiddene Medie wéi Molerei, Gravure an Zeechnungen aus.

Déi 5t Editioun vun den "Emergencen" steet virun der Dier an dofir danzen eis an de 90 Sekonnen d'Maria Cipriano an d'Katia Benbelkacem en Extrait aus hirer Performance "Mektoub?".