VIDEO: Nationale Sängerdag vun der UGDA zu Beefort
Um Programm: Eng Mass fir matzesangen, de ganzen Dag iwwer Animatioun vu Chorallen, Kanner- a Jugendchéier an e groussen Ofschlossconcert.
Um Programm: Eng Mass fir matzesangen, de ganzen Dag iwwer Animatioun vu Chorallen, Kanner- a Jugendchéier an e groussen Ofschlossconcert ...
Den nationale Sängerdag, dee vun der Union Grand-Duc Adolphe organiséiert gouf, hat e gutt gefëllte Programm.
D'Zil vun der UGDA ass et, de Gruppen d'Méiglechkeet ze ginn, op Plazen ze sangen, wou si soss villäicht net géifen optrieden.
An der fantastescher Kulisse vum Beeforter Schlass sinn esou um Sonndeg ronn 20 Gesangsgruppen opgetrueden, wat enge 500 Leit entsprécht, déi ofwiesselnd op der Bühn stoungen.
Hir Concerte ware vun a fir all Alter. Et goufe Lëtzebuerger Lidder gesongen.
Am meeschte gelies