Hien ass 86 Joer al ginn. De Gilbert Trausch huet zu de bekanntsten Historiker aus dem Land gehéiert.

Vill Leit sinn an der Schoulzäit mam Numm Gilbert Trausch a Kontakt komm, well seng Publikatiounen dacks um Programm stoungen, wann et ëm d'Lëtzebuerger Geschicht gaang ass.

De Gilbert Trausch ass den 20. September 1931 an der Stad op d'Welt komm, um Weekend elo ass e verscheet. Hie war Papp vun zwee Kanner.

De Gilbert Trausch hat Geschicht zu Paräis an zu Exeter studéiert, huet duerno am Athénée Geschicht a Franséisch enseignéiert a war vun 1968 bis 1995 Proff um Cours universitaire de Luxembourg. Vun 1972 bis 1984 war hie Chef vun der Nationalbibliothéik. Hie war och Proff op der Uni Léck an am College of Europe. 1990 gouf hien éischten Direkter vum Centre d'études et de recherches européennes Robert Schuman an och Regierungsrot.

Vill Leit gesinn am Gilbert Trausch dee wichtegste Lëtzebuerger Historiker aus dem 20. Joerhonnert.

Zu senge Schrëften zielen ënnert anerem "Du particularisme à la nation - Essais sur l'histoire du Luxembourg de la fin de l'Ancien Régime à la Seconde Guerre mondiale", "Le Luxembourg - Émergence d'un État et d'une nation" an "Le Luxembourg sous l'Ancien Régime".