Dat Lëtzebuerger Handwierk a Konschthandwierk ka sech weise loossen, dat huet de Mega-Succès vun der Expo am alen Arbedsgebai gewise gehat.

Enn des Joers ass di 2. Editioun vun "De Mains De Maîtres" geplangt.

Am Virfeld vun der Biennale war di ierfgroussherzoglech Koppel en Dënschdeg op Besuch bei der Glasbléiserin Pascale Seil.