Encontros, Poetry Slam, Art-Deco, End of season a Rock um Knuedler

Extrait "Encontros"
Danz an der Abtei Neimënster

Danz an der Abtei Neimënster

De Choreograph Moa Nunes invitéiert op "Encontros", eng Danz-Renconter tëscht Dänzer aus Lëtzebuerg, der Belsch a Brasilien.
D'Virstellunge sinn den 6. a 7. Juli um 20 Auer an den 8. Juli um 16 Auer am Sall Robert Krieps.

RTL

Poetry-Slam-Event 

Zu Nidderaanwen gëtt erëm gekonnt mat de Wierder jongléiert. Den Open Air Poetry Slam bitt talentéierte Poeten eng Méiglechkeet, hir Texter viru Publikum virzedroen an géinteneen unzetrieden. De Publikum decidéiert nämlech och herno mam Applaus, wien am beschten ukomm ass. Dat Ganzt gëtt vum Luc Spada an Michel Abdollahi moderéiert an déi meescht Slammer kommen hei aus Däitschland, 2 Lëtzebuerger si mat dobäi.

" frameborder="0" allow="accelerometer; autoplay; encrypted-media; gyroscope; picture-in-picture" allowfullscreen>
AUDIO: Den däitsche Poetry Slammer Daniel Wagner ass och nees dobäi

De Freideg um 20 Auer geet et lass an dat zu Nidderaanwen beim Kulturhaus.

RTL

© khn.lu

Expo am Nationalmusée "Art Déco Luxembourg".

Art Déco beschreift en innovative Stil aus der Zäit tëschent den zwee Weltkricher a bezitt sech op d’Konschthandwierk. Den Art déco fënnt sech a ville Beräicher erëm. Sief et an der Moud, an de Miwwelen, Architektur, Molereien a villes méi. D’Iddi fir d’Expo ass opkomm, well d‘Kollektioun vum Nationalmusée ëmmer méi grouss ginn ass, a fir déi dann och emol dem Public visibel ze maachen. De Fokus läit op Lëtzebuerg a wéi eng Schmockstécker et hei am Land gi sinn. Do waren och di eng oder aner Decouverten dobäi, a virun allem gëtt eng grouss Keramik-Kollektioun gewisen.

D’Ausstellung leeft nach eng Zäitchen, bis Ufank November kann ee sech dat ukucke goen.

VIDEO: Expo: Art-Déco-Stil aus den 20er-40er Joeren zu Lëtzebuerg
D'Expo, bei där ë.a. Miwwelen, Kleeder, Bijouen a Skulpturen ze gesi sinn, ass nach bis de 4. November ze gesinn.

End of Season Party an der Philharmonie.

Eemol d’Joer verwandelt d’Philharmonie sech jo an eng XXL-Danzfläsch. Et ass mëttlerweil schonn e feste RDV gi wou Djen a Live-Acts aus der ganzer Welt heihinner spille kommen.

Carl Craig
Courtesy ((Ectotherm))
GlennUnderground Muzic
B2B Boo Williams
Re.You (Moon Harbour, Younion)
Sigha (Token Records UK)

De Public vermëscht sech, dat geet vun de Stammcliente bis hin zum jonke Partypublikum. 7 Stonne geet di Party an do ass herno och vun all Museksgenre eppes dobäi.

Rock um Knuedler, och dëse Samschdeg mat engem villverspriechende Line-up.

23 Bands stinn um Programm an am ganzen 10 Stonne Live Musek. Et ass awer net nëmmen eng Bühn um Knuedler, mä och bei der Gëlle Fra an an der Rue Saint-Esprit. An da ginn et nach déi sougenannte Walk Acts, déi fënnt een dann och am Stadkär. De Festival gëtt et elo schonn zënter 1991, vill bekannten international Museker hunn hei gespillt. Wéi d’lescht Joer, stinn di Lëtzebuergesch Bands awer erëm am Fokus. Also e Festival mat nëmme Musek „made in Luxembourg“.

Rock um Knuedler - Interview mam LCTO Direkter Tom Bellion
RTL

2017 /