Um éischte Sonndeg vun all Mount sinn am Gronn zënter Mee vill Kënschtler op de Stroossen. Sou och am August, dëse Sonndeg fir d'4. Kéier 2018.

An engem vun de schéinste Stater Quartiere gëtt e Sonndeg nees ënner fräiem Himmel Konscht vun de verschiddensten Artisten ausgestallt, déi vun 3 Concerte begleet gëtt. Vun 10 bis 18 Auer kann ee sech d'Konschtwierker wéi zum Beispill Skulpturen, Biller, Zeechnungen a villes Weideres duerch de ganze Gronn gratis ukucken.

Fir musikalesch Ënnerhalung suergen de Jalo (12 Auer), de Chris Reitz (14:30 Auer) an de Fred Barreto (17 Auer) an der Rue Münster fir all Visiteuren, déi zudeem och fräien Antrëtt fir den neien Natur-Musée hunn.

Weider Informatioune fënnt een op www.konschtamgronn.lu, per Mail op konschtamgronn@gmail.com oder bei der Adress Konscht am Gronn B.P. 2783 L-1027 Luxembourg.