Als Journalist an Tëlee-Presentateur huet den Nicolas Steil ugefaangen, 1986 huet en dunn decidéiert, Film-Produzent ze ginn an Iris Productions gegrënnt.

Zënter 1997 ass dat vrun allem am Beräich Kinofilmer oder Serien als Produktioun oder Co-Produktioun, wéi rezent "Bad Banks" an "Clash of futures". Donieft ass den Nicolas Steil awer och President vum Théâtre Ouvert du Luxembourg. Sou aktiv wéi en ass, sou engagéiert ass en och a scheit sech net emol Kloertext ze schwätzen als Generalsekretär vun de Filmproduzenten oder Vizepresident vun der Theaterfederatioun.

Iwwer Filmer, Filmpräisser, den TOL si mer mam Nicolas Steil am Gespréich en Donnescheg tëscht 12 an 1.

Déi nei Emissioun "Am Gespréich ..." vu méindes bis freides tëscht 12 an 13 Auer op Radio Lëtzebuerg.