E Samschdeg war déi 8. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis. D'Vicky Krieps gouf mam Präis fir d'Meilleure Interprétation ausgezeechent.

47 Filmer waren an der Kompetitioun, fir bei der 8. Editioun vum Filmpräis, den 22. September am Groussen Theater, eng Trophée mat Heem ze huelen.

Donieft hat d’Filmakademie och 30 Leit aus dem Filmsecteur zeréckbehalen, fir am Ganzen an 3 neie Kategorie Präisser kënnen ze verginn.

Spezial-Emissioun "Filmpräis"
E Samschdeg war déi 8. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis. D'Vicky Krieps gouf mam Präis fir d'Meilleure Interprétation ausgezeechent.
AUDIO: Lëtzebuerger Filmpräis / Resuméiert vum Annick Goerens

De Präis an der Haaptkategorie vum Owend, nämlech fir de beschte Fiktiouns- oder Animatiounsfilm ass un de Film Gutland vum Govinda Van Maele, produzéiert vun den "Films Fauves", gaangen.

Déi wichtegst nei Kategorie war déi vum beschte Schauspiller oder Schauspillerin, déi also net no Geschlechter getrennt sinn, wéi et dacks am Ausland de Fall ass. Iwwert de Präis konnt sech d'Vicky Krieps fir hir Interpretatioun am Film Gutland freeën.

Donieft goufen zwou weider nei Kategorië beim Filmpräis geschaf, well een d’Evolutioun am Filmgeschäft iwwer déi lescht 2 Joer analyséiert huet an dobäi festgestallt gouf, dass sech de Kino hei am Land enorm weiderentwéckelt huet:

De Prix spécial de la meilleure production TV et nouveaux médias, ass um Enn un d'Serie "Bad Banks" vum Christin Schwochow gaangen. Produzéiert gouf d'Serie vun IRIS Productions.

De Prix de la meilleure contribution créative dans un long-métrage d’animation ass un d'Ekipp vum Film "The Breadwinner" gaangen. Zur Ekipp zielen: Danas Bereznickas, Guillaume Bissières, Anaëlle Brême, Pénélope Camus, Nicolas Debray, Christopher Doyle, Victor Ens, Denis Figueiredo, Tom Findrik, Gilles Rudziak a Régine Walefe.

Dëst Joer gouf och eng Preselektioun gemaach an net all Filmer ausgewielt, déi sech ageschriwwen haten. Fir all Kategorie war och e Maximum vun 10 Filmer oder Persounen zeréckbehale ginn.
 
Déi nei Kategorië waren awer net dat Eenzegt, wat sech an dëser 8. Editioun vum Filmpräis geännert huet. Et gouf decidéiert, dat vum Lëtzebuerger Filmfestival ze trennen, fir d'Aktivitéit net ze vill op eng Period ze konzentréieren, esou de President vum Film Fund Lëtzebuerg, Guy Daleiden.

D’Soirée war um Samschdeg am Groussen Theater. Presentéiert gouf de Präis vum Duo Elisabet Johannesdottir an dem Isaac Bush, een amerikanesche Komödiant, dee méi dacks hei am Land optrëtt. Och de Guy Helminger huet mat moderéiert.

D'Trophée war iwwregens eng Statue vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin Patricia Lippert.

E Sonndeg den Owend um 19 Auer kënnt Dir d'Biller an d'Reaktioune vun de Gewënner an enger Spezial-Emissioun op Télé Lëtzebuerg gesinn.

VIDEO: De Claude Waringo vun der Filmakademie
Am Virfeld huet d'Jenny Fischbach mam Claude Waringo iwwert d'Neiegkeeten beim Filmpräis geschwat a gekuckt, wou et nach nozebessere gëtt.

Hei d'Laureaten am Iwwerbléck

Prix du meilleur long-métrage luxembourgeois de fiction ou d'animation:

Gutland de Govinda Van Maele – Les Films Fauves Prix du meilleur long-métrage de fiction en coproduction:
Noces de Stephan Streker – Tarantula Luxembourg

Prix du meilleur long-métrage d'animation en coproduction:
The Breadwinner de Nora Twomey – Melusine Productions

Prix du meilleur documentaire:
La supplication de Pol Cruchten – Red Lion

Prix du meilleur court-métrage de fiction:
Fils de Cyrus Neshvad – Cynefilms

Prix de la meilleure production «TV et nouveaux médias»:
Bad Banks de Christian Schwochow – Iris Productions

Prix de la meilleure contribution créative dans un long-métrage de fiction ou documentaire:
Uli Simon pour les costumes d'Egon Schiele

Prix de la meilleure contribution créative dans un long-métrage d'animation:
Équipe 'Animation' de Melusine Productions/Studio 352 pour le film The Breadwinner

Prix de la meilleure interprétation:
Vicky Krieps pour son rôle dans Gutland

Les différents prix ont été remis par:

S.A.R. la Grande-Duchesse et Paul Thiltges (président de l’ULPA);
Bady Minck (productrice Amour Fou Luxembourg) et André Dziezuk (compositeur musique);
Alexis Juncosa (directeur artistique Luxembourg City Film Festival) et Elly Verduyckt (scripte);
Fabienne Hollwege (actrice) et Hana Sofia Lopes (actrice);
Guy Daleiden (directeur Film Fund Luxembourg) et Claire Johnston (actrice);
Caroline Origer (réalisatrice) et Pierre Urbain (président de la FMIAV);
Caroline Koener (costumière) et Luc Schiltz (acteur);
Katja Reinert (maquilleuse) et Marion Guth (productrice a_Bahn);
Xavier Bettel (Premier ministre, ministre de la Culture, ministre des Communications et des Médias).

D'Situatioun vun der Filmindustrie / Nicolas Steil vun IRIS Production

E Samschdeg den Owend war am Groussen Theater déi feierlech Zeremonie fir de Filmpräis. Et war fir d'8. Kéier, datt Lëtzebuerger Filmproduktiounen a Co-Produktiounen ausgezeechent goufen, dëst Joer war dat an 9 verschiddene Kategorien. D'Filmindustrie huet sech an de leschte Joerzéngten zu engem ekonomesche Secteur am Land entwéckelt a sech och qualitativ verbessert. Trotzdeem gëtt haart vu Kris geschwat. Déi 34 Milliounen, déi de Filmfong all Joer verdeele kann, si fir dëst Joer opgebraucht. Et géifen ëmmer méi Firmen, méi Produktiounen a méi Genrë ginn an do kéint et mat deem Montant net méi duergoen, soen d'Produzenten. D'Regierung huet dofir en Audit an Optrag ginn, deen elo zum Deel ofgeschloss ass. An de grousse Linne wier e positiv ausgefall, wat de Fonctionnement vum Filmfong, d'Selektiounskritären an de Professionalismus vun de Produktiounen ugeet. Eng finanziell Augmentatioun bréngt dat awer elo net mat sech, wann iwwerhaapt, dann dierft dat eréischt an de Budget vun enger nächster Regierung stoe kommen. Fir d'Filmproduzenten ass dat eng ongesond Situatioun, sou den Nicolas Steil vun IRIS Production. Eng Konsequenz ass, dass am Moment wéineg bis guer net gedréit gëtt, extrem vill Leit hätten also eng extrem schwiereg ekonomesch Situatioun. Dat sinn net nëmme Produzenten, mä och déi dausende Leit, déi am Secteur schaffen. Et hofft een, dass sech dës Situatioun elo an de kommende Méint kläert.

AUDIO: Nicolas Steil vun IRIS Production

D'Nominatiounen an d'Gewënner

MEILLEUR FILM LUXEMBOURGEOIS DE FICTION OU D'ANIMATION

Gutland (Gewënner)
117 min
Un film de Govinda Van Maele
Produit par Les Films Fauves

Barrage
106 min
Un film de Laura Schroeder
Produit par Red Lion

Croc Blanc
88 min
Un film d'Alexandre Espigares
Produit par Bidibul productions

Justice dot net
86 min
Un film de Pol Cruchten
Produit par Iris Productions

Meng Kollegen aus dem All
85 min
Un film de Christoph et Wolfgang Lauenstein et Sean McCormac
Produit par Fabrique D'Images

Rusty Boys
108 min
Un film d'Andy Bausch
Produit par Paul Thiltges Distributions

Toy gun
94 min
Un film de Marco Serafini
Produit par Calach Films

MEILLEUR FILM DE FICTION EN COPRODUCTION

Noces (Gewënner)
97 min
Un film de Stephan Streker
Coproduit par Tarantula Luxembourg

Black 47
96 min
Un film de Lance Daly
Coproduit par Samsa Film

Egon Schiele
108 min
Un film de Dieter Berner
Coproduit par Amour Fou Luxembourg

Es war Einmal in Deutschland
103 min
Un film de Sam Garbarski
Coproduit par Samsa Film

Fauves
100 min
Un film de Robin Erard
Coproduit par Les Films Fauves

Mammal
99 min
Un film de Rebecca Daly
Coproduit par Calach Films

Mary Shelley
120 min
Un film de Haifaa Al-Mansour
Coproduit par Bac Cinema

Night of a 1000 Hours
92 min
Un film de Virgil Widrich
Coproduit par Amour Fou Luxembourg

Souvenir
90 min
Un film de Bavo Defurne
Coproduit par Deal Productions

Storm
105 min
Un film de Dennis Bots
Coproduit par Iris Productions

MEILLEUR FILM D'ANIMATION EN COPRODUCTION

The Breadwinner (Gewënner)
94 min
Un film de Nora Twomey
Coproduit par Mélusine Productions

Ethel & Ernest
94 min
Un film de Roger Mainwood
Coproduit par Mélusine Productions

Richard the Stork
84 min
Un film de Reza Memari et Toby Genkel
Coproduit par Mélusine Productions

MEILLEUR DOCUMENTAIRE

La supplication (Gewënner)
86 min
Un film de Pol Cruchten
Produit par Red Lion

50 Days in the Desert
87 min
Un film de Fabrizio Maltese
Produit par Joli Rideau Media

Ashcan
90 min
Un film de Willy Perelstejn
Produit par Nowhere Land Productions

Courants d'airs
45 min
Un film de Anne Schiltz
Produit par le CNA et le CID

Eldorado
85 min
Un film de Loïc Tanson, Rui Eduardo Abreu et Thierry Besseling
Produit par Samsa Film

Foreign Affairs
75 min
Un film de Pasha Rafiy
Produit par Les Films Fauves

Listen
38 min
Un film de Jacques Molitor
Produit par Stop Aids Now asbl

MappaMundi
45 min
Un film de Bady Minck
Produit par Amour Fou Luxembourg

Schwaarze Mann
56 min
Un film de Franz Hausemer
Produit par Samsa Film

Sixty8
85 min
Un film d'Andy Bausch
Produit par Paul Thiltges Distributions

MEILLEUR COURT MÉTRAGE DE FICTION

Fils (Gewënner)
15 min
Un film de Cyrus Neshvad
Produit par Cynefilms

818
20 min
Un film de Claude Lahr
Produit par le CNA

Acheron
14 min
Un film de Thoma Forgiarini
Produit par le CNA

Casting a woman
16 min
Un film de Koxi
Produit par Amour Fou Luxembourg

Dem dem
26 min
Un film de Christophe Rolin, Lopy Pape Bouname et Marc Recchia
Produit par l'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte

Dem Mich Seng Kichen
15 min
Un film de Diana Nilles
Produit par Tarantula Luxembourg

Les non-dits
17 min
Un film de Samuel Perez
Produit par le BTS Cinema et Audiovisuel

Orientierungslos
32 min
Un film de Lara Mack
Produit par Feierblumm asbl

Sur le fil
15 min
Un film de Loïc Tanson et Thierry Besseling
Produit par Bac Cinema

Tout est calme
19 min
Un film de Marylène Andrin
Produit par Les Films Fauves

MEILLEURE PRODUCTION TV ET NOUVEAUX MÉDIAS

Bad Banks (Gewënner)
6 x 52 min
Une série de Christian Schwochow
Produit par Iris Productions

Ernest & Célestine - La collection
26 x 13 min
Une série de Jean-Christophe Roger et Julien Chheng
Produit par Mélusine Production

Fils de wouf
52 x 13 min
Une série de Jacopo Armani
Produit par Doghouse Films

Génération quoi ?
300 min
Un nouveau média de Julie Schroell
Produit par a_Bahn

Polo - saison 2
52 x 6 min
Une série de Caroline Origer
Produit par Fabrique D'Images

Ready Set Action
2 x 60 min + 4 x 30 min
Une série de Mathieu Fallara
Produit par Support Young Cinema asbl

Routwäissgro - saison 2
24 x 26 min
Une série de Rui Eduardo Abreu, Tom Alesch, Thierry Besseling & Loïc Tanson, Linda Blaschette, Charlotte Bruneau, Guig Jost, Claude Lahr, Eric Lamhène, Sandy Lorente, Karolina Markiewicz & Pascal Piron, Geneviève Mersch, Jacques Molitor, Christian Neuman, Catherine Richard, Anne Schiltz, Kim Schneider, Michel Tereba, Yann Tonnar, Serge Wolfsperger
Produit par Calach Films en association avec Kollektiv 13

MEILLEURE INTERPRÉTATION

Vicky KRIEPS - Lucy Loschetter dans Gutland (Gewënner)
Fernand FOX - Jani dans Rusty Boys
Pol GREISCH - Lull dans Rusty Boys
André JUNG - Nuckes dans Rusty Boys
Marie JUNG - Edith Harms dans Egon Schiele
Marc LIMPACH - Luc Jacoby dans Bad Banks
Hana Sofia LOPES - Giulia Levati dans Toy gun
Marco LORENZINI - Jos Gierens dans Gutland
Désirée NOSBUSCH - Christelle Leblanc dans Bad Banks
Astrid ROOS - Valerie Gauthier dans Justice dot net

MEILLEURE CONTRIBUTION CRÉATIVE DANS UN FILM D'ANIMATION

L'équipe Animation - The Breadwinner (Gewënner)
L'équipe Décor - The Breadwinner
L'équipe Son - Croc Blanc
L'équipe Animation - Ethel & Ernest
L'équipe Décor - Ethel & Ernest
Sean McCormac pour le scénario - Meng Kollegen and dem All
L'équipe Animation - Meng Kollegen aus dem All
L'équipe Animation - Richard the Stork
L'équipe Design - Richard the Stork
L'équipe Décor - Richard the Stork

MEILLEURE CONTRIBUTION CRÉATIVE DANS UN FILM DE FICTION OU DOCUMENTAIRE

Uli Simon pour les costumes - Egon Schiele (Gewënner)
Pol Cruchten pour le scénario - La supplication
Pia Dumont pour le montage - Night of a 1000 Hours
Magdalena Labuz pour les costumes- Black 47
Jeannot Sanavia pour la musique - Rusty Boys
Christina Schaffer pour le décor - Night of a 1000 Hours
Jean-Louis Schuller, Narayan Van Maele et Nikos Welter pour l'image - Foreign Affairs
Béatrice Stéphany pour le maquillage - Egon Schiele
Govinda Van Maele pour le scénario - Gutland
Narayan Van Maele pour l'image - Gutland