D'Administratrice vum Casino Luxembourg Forum d'art contemporain Nancy Braun ass déi nei Generaldirektesch vun Esch 2022.

Dat gouf elo op enger Pressekonferenz an der Escher Gemeng bekannt gemaach.

De Verwaltungsrot vun der Asbl hat unanime decidéiert, d'Kontrakter vun den 2 Coordinateure vum Projet Esch 2022 auslafen ze loossen.

© Didier Weber

D'Nancy Braun ass den Ament administrativen Direkter vum Casino d'art contemporain an der Staat a war och schonn Directrice adjointe vum Kulturjoer 2007.

Den Escher Buergermeeschter a President vum Verwaltungsrot vun "Esch 2022" de Georges Mischo explizéiert, datt d'Nancy Braun aus iwwer 600 Kandidaturen erausgewielt gouf.

AUDIO: De Georges Mischo

D'Nancy Braun trëtt hiren neie Posten den 1. November un.

D'Press war op Esch an d'Gemeng geruff ginn, wéi den Numm vun der neier Directrice annoncéiert gouf an hätt natierlech och gäre mam Nancy Braun selwer geschwat. Si war allerdéngs net dobäi.