An enger Ausstellung iwwer dräi Etagen an enger Theateropféierung mécht de Kollektiv zu Bouneweg hirem Frust an hirer Enttäuschung Loft.

De Kënschtlerkollektiv Richtung22 huet dës Woch déi éischt, natierlech fiktiv, Lëtzebuerger Nationalgalerie, kuerz NAGA, ageweit. Am Hariko zu Bouneweg, dem Gebai dat nächst Joer ofgerappt wäert ginn, gëtt d'Kulturpolitik vun de leschte Joren op de Leescht geholl.

An enger Ausstellung iwwer dräi Etagen an enger Theateropféierung mëscht de Kollektiv hirem Frust an hirer Enttäuschung Loft, an dat wéi gewinnt mat enger spatzer Zong a vill Humor an Ironie.

De grousse Moment ass do, zoufällegerweis kuerz virun de Wahlen: D’NAGA, d’Prestigestéck vun der progressiver Legislaturperiod, ass fäerdeg a gëtt ageweit. Dat natierlech a Präsenz vum Staats- a Kulturminister. Deen ass sech sengem Rôle allerdéngs net ganz am kloren, an zeckt ee Moment fir de Numm vun der NAGA ze presentéieren, de Kulturminister wier jo nach net do.

Déi nächst Konfusioune loossen net laang op sech waarden - wéi heescht de Staatssekretär am Kulturministère scho méi? Guy Arendt oder Guy Daleiden? An wéi eng Funktioun huet de Jo Kox iwwerhaapt? Wéi bis eraus kënnt, datt de Xavier Bettel d'NAGA no sech selwer nenne wëll, fir datt een sech gezwongenermoossen un en erënnert, wëllen d'Kënschtler hir Konscht net méi ausstellen. D'Ouverture riskéiert also an d'Waasser ze falen an eng Léisung muss séier hir.

RTL

© Richtung22

E Kulturministère deen handelt? Dat gouf et dach nach ni? Vun Ufank un gëtt kloer - bei dësem Stéck kënnt kee gutt dovun - vun deenen déi scho genannt goufen, iwwert e Serge Tonnar, dee mengt hie wier souwisou deen eenzege professionelle Kënschtler, d'Maggy Nagel déi nei Direktesch vun der NAGA genannt gëtt oder dem Daniel Igniti déi behaapt d'Deborah de Robertis wier keng Feministin - mat jidderengem gëtt de Spunnes gemaach.

A voller Verzweiwlung gëtt de Kulturminister engem Geescht aus der Zukunft zou, datt hie säi Büro mat méiglechst grelle Biller dekoréiert huet fir ze maache wéi wann e modern wier, datt e méiglechst vill DP-Leit op wichtege Plaze placéiert krut: Loschetter beim 100,7, Braun bei Esch2022.

Thematiséiert gëtt awer och de Fait, datt den Hariko nächst Joer ofgerappt gëtt a Plaz soll maache fir e Komplex vu Büroen. Richtung22 no e Symbol dofir, datt d'Lëtzebuerger Kulturpolitik déi falsch Prioritéite sëtzt.

An dat kléngt méi wéi eemol am Stéck un. E Stéck dat haaptsächlech vun der Inzenéierung vum Schauspiller Raphael Lemaire lieft, deen an d'Roll vum Xavier Bettel klëmmt a mat Mimik a Gesten, déi natierlech komplett iwwerzu sinn, iwwerzeege kann.

E Stéck, dat ee laachen deet, awer och eng ganz Partie Froen an de Raum geheit. Alt erëm huet d'Kënschtlerkollektiv sech en aktuellt Thema erausgepickt, wat déi Kéier iwwert d'Theaterbühn eraus, sech an de ganze Raimlechkeeten vum Hariko ofspillt.

D'Stéck gëtt e Samschdeg um 20 Auer nach emol zu Bouneweg am Hariko gewisen.