
© Lynn Theisen
D'Theaterstéck vum Larisa Faber befaasst sech mam Thema Demenz.
D'Theaterstéck beliicht virun allem d'Problematik vum Ëmgang mat Demenz-Betraffenen. Wéi gëtt een dermat eens, datt dës Mënschen hir Perséinlechkeet verléieren an hire Stellewäert oder hir Wichtegkeet an der Gesellschaft. Wann d’Krankheet bis do ass, hëlt se all d’Plaz an a mécht déi betraffe Persoun lues a lues onsiichtbar. Wat maachen, wann een an der Famill betraff ass? Wéi gëtt mat de Leit am Altersheem geschafft, wéi ass dat Gefill op eemol net méi bei sech ze sinn an aus der Gesellschaft ausgeschloss ze ginn? Wéi vill Mënsch bleift nach iwwreg an der Persoun a wéi vill Wäert huet si nach? Alles dat sinn Froen, déi d'Autorin a Schauspillerin Larisa Faber am Theaterstéck behandelt. ginn. Si huet dofir hir eegen Erfarungen aus der Famill als Ausgangspunkt benotzt.

© Bohumil Kostohryz
"Disko Dementia" gräift haaptsächlech d'Thema vun der Onsiichtbarkeet vun Demenzkranken op. Dofir ass et wichteg eng gemeinsam Sprooch op der Bühn ze fannen, mä awer och dem Publikum déi Theme méi no ze bréngen. Et gouf mat engem Beweegungscoach geschafft fir verschidden Erzielmethoden, Gesten an Kierpersproochen ze fannen.
D'Geschicht vun "Disko Dementia" spillt an engem Altersheem, wou während enger Nuetsschicht op Ouschtersonndeg, e scheinbar banale Witz eng brutal Kéier hëlt. Doduerch maachen sech d’Muechtstrukturen am Altersheem lues a lues bemierkbar.

D'Autorin Larisa Faber- hei als Actrice - riets am Bild / © Bohumil Kostohryz
D'Larisa Faber spillt och selwer eng Roll, niewend dem Fabienne Hollwege, dem Elisabeth Johannesdottir, dem Fabio Godinho an dem Robert Verbrugge. D’Regie huet d’Linda Bonvini iwwerholl.
"Disko Dementia" gëtt gespillt tëscht dem 17. Oktober an dem 31. Oktober an der Banannefabrik. Dono gëtt et och nach 2 mol am Escher Theater gespillt, den 20 an 21. November.
"Disko Dementia" nei Produktioun vu Maskénada

© Bohumil Kostohryz